Sametten Händschen fir Washington, physesch Eliminatioun fir Moskau
Nach bis e Mëttwoch ass de Gui-Gui op offizieller Missioun an Amerika. Ma hie reest net eleng. Hien huet Verstäerkung dobei: de Chefdiplomat Xavier Bettel, ënnert deem seng Kompetenzen niewent der Aussepolitik och nach den Aussenhandel, de Krich an d'Kooperatioun falen; de Wirtschafts-, Weltraum-, Energie- an Tourismusminister Lex Delles; an – last, but not least – de Banken-, Finanz-, Douanes- a Sanktiounsminister Gilles Roth.

De Besuch an Amerika kënnt grad giedlech, well mat eiser héichrangeger Delegatioun soll den Daddy beandrockt ginn a gewise kréien, datt mat eis – och wa mer een Zwergestaat sinn – als Weltmuecht ze rechnen ass. Mat eis mécht keen de Geck. Wéi fragil kleng Länner do stinn, huet den den Trump jo dës Woch op en Neits gewisen, wéi en sech mam Poopst ugeluecht an ee Regime change am Vatikan gefuerdert huet.
Den Daddy muss beandrockt ginn
Zil vun der Visitt ass d'Stäerkung vun de bilaterale Bezéiungen, schreift d'Wort.
Lëtzebuerg ass senge Befreier vun 1945 och haut nach ëmmer dankbar, an et waart een just nach op dem Bettel seng Ausso: "I am an American." Mir hu jo schonn d'Goodyear, DuPont, Amazon, d'Bank of America, McDonald's iwwerall an all Zone artisanale, mir drénke vill Coca-Cola a kréien elo och nach Google.
Ma net nëmmen dat. Eis Spëtzepolitiker hunn sech mat der neier US-Ambassadrice Stacey Woolf Feinberg fotograféiere gelooss – an d'Fotoe stolz op de soziale Medie gedeelt. De neie Luc an de Witzepremier Bettel, allebéid mat hirem schéinste Laachen, Schëller u Schëller mat der Dame, déi den Trump eis op Lëtzebuerg geschéckt huet. Keng Protestnott. Keen distanzéierten Handshake. Nëmmen: Cheese!

D'Botschaft ass kloer: Mir si Frënn. Gutt Frënn. Déi bescht Frënn.
Zu Washington bedeelegt sech de Weltraumminister Delles um Colorado Space Symposium, dem weltwäit gréissten Treffen vun Experten, wou iwwer d'Zukunft vum Kosmos debattéiert gëtt. Hien hofft insgeheim, mam räichste Mann vun der Welt, dem Elon Musk, an d'Geschäft ze kommen – oder e wéinstens vu wäitem ze gesinn.
Ma och de Banken- a Finanzminister Roth huet eng wichteg Aufgab an Amerika. Hien hëlt un de Réuniounen vum Internationalen Währungsfong (IWF) an der Weltbank deel. Als Steierparadies ass Lëtzebuerg bei der "Washington Mafia", wéi dës Institutiounen och genannt ginn, deemno beschtens opgehuewen.
Scho virum Départ waren se sech an der Regierung eens: kee Wuert iwwer Demokratie a westlech Wäerter, keng falsch Bemierkung iwwer Mënscherechter oder d'Anhale vum Vëlkerrecht. D'Missioun steet eenzeg an eleng ënnert der Devis: Business as usual. Well nëmme "money makes the world go round".
Niewendrun, zur selwechter Zäit, zu Washington: Den hollännesche Kinnek gëtt vum King Donald perséinlech mat engem offiziellen Dîner am Wäissen Haus empfaangen. De Grand-Duc vu Lëtzebuerg? Hien däerf zu New York bei der Präisverdeelung vum "Luxembourg-American Chamber of Commerce Business Award" applaudéieren.
Dofir gëtt et eng ganz einfach Erklärung: Den Trump weess wou Holland läit.

Iwwerdeems zu Lëtzebuerg um Facebook: Krich
Net de Krich, deen den Trump géint den Iran ugefangen huet – deen aneren. De Kommentarkrich. Achtzeg Kommentaren ënner dem Wort-Post, an net een eenzegen, dee seet: "Super Iddi, Monseigneur!" Nee, d'Lëtzebuerger sinn entsat:
"Knapps am Amt a schon den éischte Feeler!",
"Bezéiungen zu engem Schurkenstaat? Bezéiungen zu engem Krichsdreiwer?!",
"Fir déi do Missioun wäerte mir eis nach laang musse schummen!",
"Winni hale mir op, den Amerikaner an den A… ze krauchen, Monseigneur?",
"Hie kéint sech e Beispill um Poopst huelen!".
De Poopst! Mir zitéieren de Poopst als moralesche Kompass! Wien hätt dat nach virun dräi Méint geduecht?
An dann ass do nach d'Kiischt um Kuch: "E soll oppassen, dass den Trump en net an den Fliger setzt an op Kuba ausweist mat senger kubanescher Mamm."
Geopolitik à la luxembourgeoise.
An deem Kontext verweise mir och gären op de Post vun der Facebook-Säit "Déi dommste parlamentaresch Fro".
Natierlech kann ee soen: de Grand-Duc entscheet dat net selwer, ob hien an d'USA reest oder net. Hie geet dohinner, wou d'Regierung hie schéckt. Mee e Staatschef, deen Hänn rëselt, gëtt zum Gesiicht vun deem wat hannert den zouenen Dieren decidéiert gëtt – a Gesiichter bleiwen am Gediechtnes.
Doppelmoral – wéi gewinnt
Erstaunlech ass de Sinneswandel vun der Lëtzebuerger Diplomatie. Den 2. Mäerz 2022 - de Krich an der Ukrain war just ausgebrach - huet den deemolege Lëtzebuerger Chefdiplomat Jean Asselborn, ënnert dem Premierminister Bettel, sech um Radio 100,7 zu Wuert gemellt. A wat huet hie gesot? Keen diplomateschen Appell. Keng "Stäerkung vun de bilateralen Bezéiungen."
Nee. Den Asselborn huet ganz kloer gesot, dat bescht wier "de Wladimir Putin physesch ze eliminéieren."
Physesch eliminéieren. Op Lëtzebuergesch. Um ëffentlech-rechtleche Radio. Ouni mat der Wimper ze zucken.
Den Trump awer – deen an den Aen vu ville méi Schued un der Welt uriicht wéi ee vum Putin jee geduecht hätt – gëtt mat sametten Händschen ugepaakt. Keng Protestnott. Kee schaarft Wuert vum Ausseminister. Net emol eng kleng, diskret, harmlos Remarque op enger Pressekonferenz. An dat, obwuel den Trump domat gedréit huet, e ganzt Vollek ze vernichten, a Schoulen a Spideeler, Unien an Haiser bombardéiere gelooss huet - mat de Leit dran, wuelverstanen.
Zwee Männer. Zwee Kricher. Zweeërlee Moossen a Gewiichter. Dem Asselborn no sollt de Putin "physesch eliminéiert" ginn. Den Trump kritt de rouden Teppech ausgerullt.
Ee Facebook-User huet d'Situatioun a sengem Kommentar op eng philosophesch Manéier op de Punkt bruecht:
"Lëtzebuerg an d'USA – e Kapp an en A***. Freet sech just: Ween ass de Kapp?"
Mir wäerten et erausfannen. Vum 12. bis den 17. Abrëll.
Bis dohinner hale mer d'Loft un.
Och interessant:






Kommentar schreiben