Mir Lëtzebuerger gebrauchen d’Verb "gärhunn" meeschtens a Säz wéi “Ech hunn dech gär” oder “Du kanns mech gärhunn” an et gëtt éischter seele benotzt. Abee, eise neie Staatsminister #Luc Hättgär verwent et relativ oft an haaptsächlech am Konjunktiv, wat dann esou bei him kléngt: “Ech hätt gär…”.
Virun de Wahlen war deem neie #Luc kee Blitzlicht a kee Mikro ze vill. Soubal hien awer vum Grand-Duc als Formateur genannt gouf, war hie schonn nees een aneren. Dee ganz neie #Luc wollt op eemol vun Informatiounen an Transparenz näischt méi wëssen.
An engem remarkabelen Interview op RTL huet de Sous-Direkter vun der Natur- a Forstverwaltung gëschter fir eng massiv Juegd op d’Déieren am Lëtzebuerger Bësch plädéiert fir op déi Manéier der Wëldplo meeschter ze ginn. Luxembourg Jungle huet de Laurent Schlau och interviewt.
Eng kleng Notiz am Trafic-Info huet mech stutzeg gemaach. Wärend bal zwou Wochen ass d'Strooss tëscht Kautebaach a Wolz gespaart wéinst Beem, déi gefällt ginn ... matzen am Naturschutzgebitt.
"Jeeër si Barbaren", D’Juegd ass doutmaachen, 't ass Mord well et ass geplangt", "D’Juegd, dat ass d’Loscht doutzemachen", huet den Déiereschützer Armand Clesse 2019 op RTL behaapt. Zwar gouf hien 2020 um Geriicht fräigesprach, ech ginn him trotzdeem net Recht!
Wärend dem Walkampf huet d’Aussepolitik kaum eng Roll gespillt. Dobei misst et eigentlech fir jidderee kloer sinn: wat ee Land méi kleng, wat d’Ausland méi grouss ass. Et gouf wuel kaum ee Wahlkampf, wou d’Evenementer am Ausland eng sou grouss Roll hätte spille kéinten, wéi dëst Joer. Et dierft ee gespaant sinn wéi sech dee neie #Luc am Noost-Konflikt positionéiert, wou dach deen ale #Luc mam katareschen Emir "ee Kapp an en Aasch war".
Et sinn anscheinend nach ëmmer Leit der Meenung, si géifen eppes fir ë gudden Zweck maachen, wann si d’Déireschutzorganisatioun “Give us a Voice” ënnerstëtzen. Dobei ginn hir Spendegelder vum verurteelte Spëtzekandidat vun der Piratepartei, Daniel Frères, a Wahlkampffinanzéiererung fir seng Partei ëmgewandelt.