Et kann een den Tiger aus dem Dschungel huelen, awer et kritt een den Dschungel net aus dem Tiger eraus.

Leuchtreklamm am Verwaltungsgebai vun enger internationaler Investmentfirma zu Beiler, engem winzegen Baurenduerf an der Gemeng Wäiswampech

Iwwert mech

Mäin Numm ass Hubert Hollerich, Joergang 1967, ech sinn der Stat gebuer, am Minett grouss ginn a wunnen zanter 2017 am Éislek. Als Freelancer hat ech fir verschidde Medienhaiser geschafft a war duerno iwwer 30 Joer als Gewerkschaftssekretär fir den Transportsektor täteg. Méi iwwert mech gëtt et am Impressum ze liesen.

Wat gebuede gëtt

Dëse Site ass geduecht fir Informatiounen, Meenungen an Iwwerleeungen ze verëffentlechen, an - hoffentlech - e puer Denkustéiss ze ginn. Den Akzent gëtt op déi politesch Aktualitéit, Denkmalschutz, Emwelt- an Naturschutz, ee korrekten Emgang mat Minoritéiten, a Konscht & Kultur geluecht, iwwert déi nawell gären op eng satiresch Manéier bericht gëtt. Beiträg vun ausserhalb si wëllkomm.

Wat net gebuede gëtt

Op desem Site gi keng rassistesch oder friemefeindlech Aussoen, keng Verschwörungstheorien a keng onrecherchéiert Behaaptungen verbreed an toleréiert.



Firwat dëse Site?

Luxembourg Jungle versteet sech als Plattform, op där Informatiounen a Meenunge püblizéiert ginn, déi net onbedéngt iwwerall ze fanne sinn an déi vläicht net jidderengem schmaachen. Dëse Site ass en Zousaz zu menger Facebooksäit https://www.facebook.com/hubert.hollerich/. Leider geet et bei de soziale Medien allze oft just ëm Likes a Followers. Op dësem Site besteet deen Drock net. Hei besteet d'Méiglechkeet, verschiddden Theme méi am Fong ze behandelen, well nëmme mat där néideger Ustrengung an Ausdauer kënnt een duerch d'Gestrëpp vum Dschungel an et gesäit ee méi kloer. De Numm "Luxembourg Jungle" geet zréck op d'Leuchtreklamm bannenan am Gebai vun enger grousser Investmentfirma, déi weltwäit aktiv ass an hiere Sëtz zu Beiler, engem winzegen Baurenduerf am Éislek, an der Gemeng Wäiswampech, huet. Beiler zielt grad emol 120 Awunner, huet awer bal grad esou vill Firmen do ugemellt, vun deenen déi meescht just eng Bréifkëscht an engem vun de sëllege grousse, moderne Schongkëschten aus Beton a Glas, déi wéi Champignonen aus dem Buedem spréissen, hunn. Wann et esou weidergeet, ass gläich näischt méi vun der typesch, ländlecher Architektur zu Beiler iwwreg. D'Muecht vum Stärkeren, Dschungelgesetz, huet sech schlussendlech duerchgesat.

Hei geet et bei d'Artikelen.