· 

Friddensnobelpräis

Trump: "Nee, merci. Keen Interessi méi."

Nodeems sech den US-President Donald Trump d’lescht Joer selwer als Kandidat fir de Friddensnobelpräis nominéiert huet, schéngt hien elo den Interessi verluer ze hunn.Engem Journalist, deen den Trump den 12. Mäerz op de Friddesnobelpräis ugeschwat huet, huet hie geäntwert: "I don't know. I'm not interested in it. No, I'm not talking about the Nobel Prize."

Satiresch Fotomontage Den US-President Donald Trump huet eng Pistoul an der Hand a schéisst op d’Friddendauf, déi bei hie geflu kënnt an an hire Patten de Friddennobelpräis huet. An enger Spriechblos steet: "Nee merci. Keen Interessi méi."
▲ Den US-President Trump huet den Interessi um Friddennobelpräis verluer.

Den engleschen Independant huet doriwwer bericht.

Verständlech. Hien huet e jo schonn. D’María Corina Machado, där de Präis am Dezember 2025 zougesprach gouf, huet en ee Mount drop, am Januar dëst Joer, un den Trump weidergereecht, sou wéi en toxesche Kredit an der Finanzwelt, dee kee wëllt halen an deen ee probéiert, sou séier wéi méiglech engem aneren ënnerzejubelen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0