200 Schimpansen am Kibale-Nationalpark a Uganda hunn Joerzéngten laang friddlech zesummegelieft — bis se ugefaang hunn, sech wéi Mënschen ze behuelen. Eng Satir iwwer Krich, Alpha-Männercher a wat d'Evolutioun eis wierklech geléiert huet.
Nodeems sech den US-President Donald Trump d’lescht Joer selwer als Kandidat fir de Friddensnobelpräis nominéiert huet, schéngt hien elo den Interessi verluer ze hunn.
Engem Journalist, deen den Trump op de Friddesnobelpräis ugeschwat huet, huet hie geäntwert: "I don't know. I'm not interested in it. No, I'm not talking about the Nobel Prize."
Verständlech. Hien huet e jo schonn am Januar vum María Corina Machado kritt.
Den 13. Juli 2025 si méi Leit bei d'Lëtzebuerger Arméi gepilgert wéi der und der Muttergottesoktav an under Sprangpressessioun zesummen deelgeholl hunn. Mam Poséieren op Panzeren a politescher PR gouf d'national Verteedegung déi nei Liturgie. Minister mat Maschinnegewierer, Resilienz fir unzepaken, a matzendran d'Mettwurscht als helleg Hostie. Déi nei Doktrinn: marschéieren, grinsen, ersetzen.
D’Dagesuerdnung vum NATO-Sommet zu Den Haag hätt op ee Béierdeckel gepasst. Just een eenzege Punkt stoung um Ordre du jour, an zwar d’Erhéijung vum Bäitrag vun 2% op 5% vum PIB. De Sommet huet dofir och nëmmen zwou an eng hallef Stonne gedauert.
An engem Kommentar, deen un Absurditéit kaum ze iwwerbidden ass, bezeechent d' "Wort" d'Friddensbewegung als “naiv” an erkläert se als déi gréisste Gefor fir eis Sécherheet. Anscheinend ass et hautdesdaags geféierlech, fir Diplomatie a Fridden ze plädéieren - eng Erkenntnis, op déi wuel nëmmen en intelligente Kapp aus der "Wort"-Redaktioun komme konnt.
De 7. Januar 2025 huet den designéierten US-President Donald Trump gefuerdert, datt d'NATO-Memberstaaten hir Ausgaben fir d'Défense op 5 Prozent vum BIP mussen eropsetzen, wann si weider vum Schutz vun den USA wëlle profitéieren. Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg?
Voller Begeeschterung hunn ech haut de Programm vum maarnecher Kulturzentrum "Cube 521" opgeschloen a war gespaant, wat eis déi Verantwortlech ronderëm hir Presidentin Marie-Josée Jacobs an hir zwee Vize-Presidenten an CSV-Parteikolleegen Emile Eicher a Romain Kremer ze bidden hätten.
1967 gouf d'Wehrflicht ofgeschaaft. Elo plangt d'Regierung se 2024 nees anzeféieren. D'Arméiministesch Yuriko Backes huet dat e puer Mol an der Press annoncéiert. Den Arméi-Generol Steve Thull huet sech haut an engem RTL-Interview besuergt gewisen, datt et ouni d'Neesaféierung vum obligatoresche Militärdéngscht net genuch Leit géife ginn, fir déi Gefalen un der Front ze ersetzen.