Donald Trump fuerdert SCHUTZGELD vu 5 Prozent vum BIP fir d'NATO
De 7. Januar 2025 huet den designéierten US-President a selwerernannte Friddensapostel Donald Trump gefuerdert, datt d'NATO-Memberstaaten hir Ausgaben fir d'Défense op 5 Prozent vum BIP (Bruttoinlandprodukt) eropsetzen, wann si weider vum Schutz vun den USA wëlle profitéieren. Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg?
Fir Lëtzebuerg bedeit dës Trump-Fuerderung näischt Guddes, well mat den aktuellen 1,29% leie mir wäit ënnert der NATO-Guideline vun 2 Prozent vum BIP, déi d'NATO-Memberstaaten an d'Verdeedegung stieche mussen. Just 18 vun 31 NATO-Memberstaaten hunn 2024 d'2%-Ziel erreecht. Eng NATO-Grafik hei ënnendrënner ass nach dovun ausgaangen, dass méi Länner d'2%-Klausel erfëlle géifen, mee déi Estimatioun huet sech awer als falsch erwisen. Op d'Bild klicken fir et ze vergréiesseren.
2024 louch d'Bruttoinlandprodukt vu Lëtzebuerg bei ronn 91 Milliarden US-Dollar. 5% vum BIP bedeiten, datt d'Ausgabe fir d'Défense méi wéi 4,5 Milliarden $ ausmaache géifen. Aktuell gëtt Lëtzebuerg 696 Milliounen € d'Joer fir d'Verdeedegung aus. Dëse Betrag sollt bis 2030 op 1,464 Milliarden € eropgoen.
Wat bedeit dem "Friddenspresident" Trump seng Fuerderung also konkret fir Lëtzebuerg? D'Rechnung ass séier gemaach: Am Verglach mat 2024, muss Lëtzebuerg seng Rüstungsausgaben ëm dat 6,5-facht eropsetzen fir op déi 5% vum BIP ze kommen.
A well den Internationale Währungsfonds (IMF) déi nächst Jore vun enger Steigerung vum Bruttoinlandprodukt fir Lëtzebuerg ausgeet, ginn d'Ausgaben fir NATO a Krich am selwechte Verhältnis an d'Luucht. Fir d'Frënn vun den Zuele, püblizéiert Luxemburg Jungle hei ënnendrënner eng Grafik iwwert déi virausgesoten Entwécklung vum BIP vu Lëtzebuerg. Sollten d'Schätzungen vum IMF antrieden, da géif Lëtzebuerg am Joer 2029 bal 6 Milliarden fir d'Défense ausginn, wann dem Trump seng 5-Prozent-Fuerderung ëmgesat gëtt. Als Erënnerung: mir leien elo bei 696 Milliounen. Dat wär also quasi eng Verzéngfachung. Fest steet: Wat méi Wuesstum, wat d'Ausgabe fir Bommen a Rakéiten ëmmer méi héich ginn.
![](https://image.jimcdn.com/app/cms/image/transf/dimension=734x10000:format=png/path/s6d711c3da1009cfa/image/i0e334dd9e5873e35/version/1736424450/image.png)
Wat bedeiten déi 5% fir eise Staatsbudget?
Muncheree seet sech vläicht, datt déi vum Donald Trump gefuerdert 5% vum BIP fir Militärausgaben net vill ausmaachen, well et jo just eng Steigerung vun 2% op 5% ass. Dat ass awer een Trugschluss, wéi mir uewe gewisen hunn: Am Verglach zu 2024 ginn d'Militärausgaben vu 696 Milliounen op 4,5 Milliarden erop, wat méi wéi dat 6-facht ass.
![](https://image.jimcdn.com/app/cms/image/transf/dimension=734x10000:format=jpg/path/s6d711c3da1009cfa/image/if549f3255ecb740f/version/1736677251/image.jpg)
Rechent een awer, wat déi 4,5 Milliarden fir en Impakt op eise Staatsbudget hunn, ergëtt sech ee vill méi erschreckend Bild! De Lëtzebuerger Staatsbudget gesäit aktuel Gesamtausgaben vun 29,2 Milliarden € vir. D'Ausgabe fir d'Sécurité sociale a Gesondheet maache mat 5,8 Milliarden € ronn 19% vun de Gesamtausgaben aus a stellen domat dee gréisste Budgetsposten duer. Hannendru kommen d'Éducatioun an d'Mobilitéit & Infrastrukturen mat respektib 14% an 10% vun den Ausgaben am Staatsbudget.
Déi vum Donald Trump gefuerdert 5% vum PIB (also: 4,5 Milliarden) géife 15,5% vun de Gesamtausgaben vum Staatsbudget ausmaachen, woumat de Militärbudget iwwert den Ausgaben fir d'Educatioun a knapps ënnert den Ausgabe fir d'Sécurité sociale a Gesondheet léich. Dat geet aus der Grafik hei ënnendrënner ervir, déi ee Screenshot vun der Ist-Situatioun vum Staatsbudget ass.
Et ass kee Geheimnis, datt esou eng gravéierend Erhéijung vum Militärbudget op 5% vum BIP, wéi se vum Donald Trump gefuerdert gëtt, nëmme da kann ëmgesat ginn, wann op anere Plaze massiv gespuert gëtt. Traditionell ginn Aspuerungen am soziale Beräich gemaach. Déi annoncéiert Pensiounsreform kënnt also grad giedlech an et ass net ausgeschloss, datt d'Diskussioune mat de Sozialpartner - wann se dann iwwerhaapt stattfannen - ënner ganz anere Viraussetzunge gefouert ginn, wéi dat bis elo allgemeng ugeholl gëtt. Éischt Fuerderungen no Pensiounskierzungen komme schonn aus dem Ausland. Sou huet de President vum renomméierte Kieler Institut fir Weltwirtschaft (Kiel Institute for World Economy), Moritz Schularick, an engem Interview, den 8. Januar 2025 gefuerdert, d'Renten erofzesetzen fir d'Erhéijung vun de Militärausgaben ze finanzéieren. Dat berichten déi däitsch Zeitungen "Die Welt" an "Der Spiegel". De Moritz Schularick gëtt mat folgende Wierder zitéiert: "Die Zeche sollten ausnahmsweise mal nicht nur die Jungen, sondern auch die Alten zahlen." Streng nom Motto: Déi Jonk musse verschount ginn, well déi brauche mer als Kanounefudder.
Geet et a Richtung Austeritéitspolitik?
Ma net nëmmen am soziale Beräich wäerte Kierzunge virgeholl ginn. Austeritéitspolitik bedeit och, datt bei der Educatioun, der Kultur, dem Sport a bei de Gemengen gespuert gëtt. Schliesslech avancéiert de Militärbudget dann zum zweetwichtegsten Budgetsposten, a wäert och deementspriechend prioritär behandelt ginn.
Et gëtt Zäit, datt d'Bierger sech wieren - an zwar europawäit. An dofir brauche mer eng nei Friddensbeweegung a Politiker, déi net just virun den USA katzbuckeln an sech als devote Vasall ubideren, mee Politiker, déi endlech d'Noutbrems zéien an d'Diplomatie, d'Friddenspolitik an d'Ofrëschtung nees als Prioritéit an hire Programm schreiwen.
Kommentar schreiben