D’Dagesuerdnung vum NATO-Sommet zu Den Haag hätt op ee Béierdeckel gepasst. Just een eenzege Punkt stoung um Ordre du jour, an zwar d’Erhéijung vum Bäitrag vun 2% op 5% vum PIB. De Sommet huet dofir och nëmmen zwou an eng hallef Stonne gedauert.
"Lëtzebuerg wëll Entscheedungen iwwer d'Verdeedegungsausgaben am Aklang mat den aneren 31 NATO-Memberstaaten treffen", sot de Luc Frieden op der Pressekonferenz nom Ministerrot vum 13. Juni 2025. Scho virum Sommet waren d'NATO-Memberstaaten sech eens, de Bäitrag op 5 Prozent vum PIB (Bruttoinlandsprodukt) ze erhéijen.
De 7. Januar 2025 huet den designéierten US-President Donald Trump gefuerdert, datt d'NATO-Memberstaaten hir Ausgaben fir d'Défense op 5 Prozent vum BIP mussen eropsetzen, wann si weider vum Schutz vun den USA wëlle profitéieren. Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg?