Et gi Fotoen, déi wéi eng Erënnerung ausgesinn. An et gi Fotoen, déi wéi eng Warnung wierken. Déi hei gehéiert ouni Zweiwel an déi zweet Kategorie: eng Stëmmung wéi an engem Hollywood‑Thriller, just datt d’Kuliss net huet missten opgeriicht ginn – se war schonn do.
Nach bis e Mëttwoch ass de Gui-Gui op offizieller Missioun an Amerika. Ma hie reest net eleng. Hien huet Verstäerkung dobei: de Chefdiplomat Xavier Bettel, ënnert deem seng Kompetenzen niewent der Aussepolitik och nach den Aussenhandel, de Krich an d'Kooperatioun falen, de Wirtschafts-, Weltraum-, Energie- an Tourismusminister Lex Delles, an – last, but not least – de Banken-, Finanz-, Douanes- a Sanktiounsminister Gilles Roth.
De Luc Frieden huet d'Talent, dem Land Märercher fir boer Mënz ze verkafen. Am RTL-Interview behaapt hien, d’US-Stroftaxen hätte "kee groussen Impakt" op d'Lëtzebuerger Wirtschaft. Da kënne mer jo lo alleguer berouegt sinn. Ma souguer an der CSV selwer suergt dem Premier seng Ausso fir Kappzerbrieches. Säi Parteikolleeg Laurent Mosar nennt d'Taxepolitik vum Trump eng "Katastroph fir de Welthandel".
A manner wéi enger Woch Travel Group Luxembourg senge Lëtzebuerger Clienten, fir déi d'Vakanz bekanntlech genee sou wichteg ass, wéi eng Shoppingtour an der Belle Étoile oder de gebakene Fësch um Oktavmäertchen, eng richteg Aachterbunn vu Meenungen iwwert d'USA-Reesen gebueden - sou turbulent, datt et souguer der Fräiheetsstatue schwindeleg gouf.
Wat wär d'Politik ouni eng zolidd Portioun Hypokrisie a Süffisanz? Zwee Begrëffer, déi an der Politik Hand an Hand ginn, wéi Ierbessen a Muerten. Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz werft dem US-President Donald Trump an engem rezente Gaaschtbeitrag am "Wort" vir, ze vill CEOen a senger Regierung ze hunn, déi d'USA wéi ee Konzern regéiere géifen. Awer wat ass mam CEO vu Lëtzebuerg?
Bienvenue au repaire ultime des super-riches : « Aerie », le bunker de luxe où l'on peut affronter la fin du monde avec panache ! Avec des matelas à mémoire de forme, des restos gastro, des sols en marbre et des meubles design, tout est prévu pour rendre la Troisième Guerre mondiale aussi cosy que possible pour les multimilliardaires. Si c'est une guerre nucléaire, alors autant le faire avec style !
Wëllkomm an der neister Stopp vun de Superräichen - Aerie, de Luxusbunker, deen alles huet wat ee brauch fir de Weltënnergang mat Stil ze erliewen! Do ginn et Gediechtnesschaum-Matrassen a Gourmetrestauranten, Marmerbiedem an Designermiwwelen, déi de Multi-Milliardären den Drëtte Weltkrich sou agreabel wéi méiglech gestalten. Wa schonn Atomkrich, dann awer mat Stil!
En ces temps glorieux, réjouissons-nous de voir l’industrie de la défense prospérer comme jamais auparavant. Elle a réussi à rendre le monde un peu plus « sûr » en garantissant qu’il y ait toujours suffisamment d’armes en circulation pour assurer la « paix ». Quelle ironie délicieuse!
An dëse glorräichen Zäiten, kënne mer frou sinn, datt d'Rüstungsindustrie boomt wéi ni virdrun. D'Waffenindustrie huet et effektiv fäerdeg bruecht, d'Welt e bëssen "méi sécher" ze maachen, andeems se dofir suergt, datt ëmmer genuch Waffen am Ëmlaf sinn fir de "Fridden" ze garantéieren.