· 

EU beschléisst Sanktiounen géint d'Aggressoren USA an England

Well de bombardement vum Jemen géint d'Vëlkerrecht verstéisst

Satir

Nom beispilllosen Rakéitenugrëff vun den USA a Groussbritannien op déi arabesch Republik Jemen, dorënner och op d’Haaptstad Sanaa, bei deem e sëllege Leit ëm d’Liewe koumen oder schwéier blesséiert goufen, huet d’EU-Kommissiounspresidentin, Ursula von der Leyen, zesumme mam EU-Rotspresident, Charles Michel, en éischte Sanktiounspak géint d’USA an England ugekënnegt.

Well d’USA an England keen UNO-Mandat fir de Bombardement vum Jemen hunn, verstéisst dëse géint d’Vëlkerrecht a géint d’Mënscherechter, sou d’EU-Kommissiounspresidentin, déi d’Eskalatioun am Noen Osten zudéifst bedauert an drop higewisen huet, dass d’Europäesch Unioun keng aner Wiel hätt, Sanktiounen géint déi zwee Aggressoren ze ergräifen, wann se hir Glaubwürdegkeet net verléiere wëllt. Zil wier et, déi amerikanesch a britesch Wirtschaft ze schwächen fir op deem Wee d’Käschten fir hire Krich géint de Jemen an d’Luucht ze dreiwen. D’Mënschen a béide Länner sollen d’Sanktiounen ordentlech ze spiere kréien a fir ee Regimewiessel suergen, huet de Rotspresident Charles Michel betount, deen allerdéngs keng Detailer iwwert de Sanktiounspak géint d’USA a Groussbitannien verrode wollt.

Aus gutt ënnerriichte Kreesser vu Bréissel, déi awer net genannt wëlle ginn, huet “Luxembourg Jungle” Detailer vum Sanktiounspak zougespillt kritt. Ënner anerem sollen d’Presidenten vu béide Länner, Joseph “Joe” Robinette Biden a Rishi Sunak, awer och Oligarchen, déi hinne nostinn, op eng schwaarz Lëscht gesat ginn. Géint si soll ee Areesverbuet an d’EU verhaange ginn. Ënnert hinnen soll och de Lakshmi Mittal sinn, deen zwar an Indien gebuer ass an ee Lëtzebuerger Führerschäin huet, awer an England wunnt an de Sëtz vu sengem Firmenimperium ArcelorMittal an England verlagert huet. Betraff ass och den James Bond, deem Spionage am Optrag vum MI6 virgeworf gëtt. Doriwwer eraus soll Fish & Chips a aner Produkter wéi Kit Kat, Rolls Royce, After Eight a Glenfiddish an der EU verbuede ginn.

Op der amerikanescher Säit fanne mer Oligarchen wéi Jeff Bezos (Amazon), Mark Zuckerberg (Facebook) oder den Elon Musk (Twitter, Tesla) op der schwaarzer Lëscht. Si sollen et net méi erlaabt kréien, an der EU Geschäfter ze maachen. Burgeren, Coca Cola, Disney-Filmer an Jeansboxen – souwäit se net souwisou a China oder Bangladesch hirgestallt ginn – sollen aus dem Handel gezu ginn.

USA a GB dréiht international Isolatioun

D'Verméigen vun de Politiker an den Oligarchen, déi op der schwarzer Lëscht stinn, soll beschlagnaamt ginn. Dorënner falen och Privatjeten, Luxusjachten an Immobilien. Den Europäesche Parquet gëtt mat enger spezieller Enquête beoptraagt, fir erauszefannen, a wat fir engen EU-Steierparadieser déi sanktionnéiert Leit eventuell Bréifkëschtefirmen hunn.

Amerikanesch a britesch Medien – Télé, Radio, Internet a Printmedien – ginn an der EU verbueden, well de Verdacht op Propaganda besteet. De Fluchverkéier mat den USA a Groussbritannien gët agestallt. D’Zil ass et, béid Länner op internationalem Plang ze isoléieren.

Reaktiounen vun dobaussen a vun heiheem

Den IOC (Internationalen Olympesche Comité) mat Sëtz zu Lausanne an der Schwäiz huet déi geplangte Sanktiounen géint déi zwee Aggressor-Länner begréisst a matgedeelt, US-amerikanesch a britesch Athletinnen an Athleten dierften bei Olympia 2024 zu Paräis net un de Start, et sief dann, si trieden ënner neutralem Status un – dat heescht ouni Fändel an Nationalhymne – an si ënnerschreiwen am Virfeld eng Deklaratioun, datt si déi vëlkerrechtwiddreg Bombardementer vun hire jeweilege Regierungen formell kontestéieren.

 

D'EBU (Europäesch Rundfunkunioun) mat Sëtz zu Genf an der Schwäiz huet séngersäits matgedeelt, Groussbritannien wär vum Eurovision Song Contest 2024 ausgeschloss.

 

De Lëtzebuerger Premierminister, de neie #Luc, huet an enger éischter Reaktioun d’Sanktiounen géint d’USA a Groussbritannien begréisst a gesot: “Dëst ass eng Decisioun, déi scho laang fälleg ass. Béid Länner mengen, si kéinte sech als Weltgendaarm ospillen a gräife systematesch aner Staaten un, ouni dofir ee Mandat vun der UNO ze hunn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0