Nach bis e Mëttwoch ass de Gui-Gui op offizieller Missioun an Amerika. Ma hie reest net eleng. Hien huet Verstäerkung dobei: de Chefdiplomat Xavier Bettel, ënnert deem seng Kompetenzen niewent der Aussepolitik och nach den Aussenhandel, de Krich an d'Kooperatioun falen, de Wirtschafts-, Weltraum-, Energie- an Tourismusminister Lex Delles, an – last, but not least – de Banken-, Finanz-, Douanes- a Sanktiounsminister Gilles Roth.
Wat wär d'Politik ouni eng zolidd Portioun Hypokrisie a Süffisanz? Zwee Begrëffer, déi an der Politik Hand an Hand ginn, wéi Ierbessen a Muerten. Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz werft dem US-President Donald Trump an engem rezente Gaaschtbeitrag am "Wort" vir, ze vill CEOen a senger Regierung ze hunn, déi d'USA wéi ee Konzern regéiere géifen. Awer wat ass mam CEO vu Lëtzebuerg?