Neie Lack, alen Inhalt – Rebranding mam Replay-Knäppchen
No den Treffe mat de Gewerkschaften den 9. a 14. Juli an dem CSV-Grillfest den 10. Juli stelle sech vill Leit d’Fro: Wat ass eigentlech nei um neie Luc?
Luxembourg Jungle ass dëser brisanter Fro nogaangen – an ass op een iwwerraschende Phänomen gestouss: de Luc spillt zwar de "neie Luc", mee d’Stéck ass nach ëmmer dat aalt vu virun 2014. Nei Kuliss, ale Skript.
15 Joer laang war de Luc Frieden en treie Minister ënnert dem Premier Jean-Claude Juncker. Hien hat de Ruff vun engen killen Technokrat mat enger spezieller Relatioun zu der Budgetssituatioun. A puncto Sozialpolitik huet hie schlecht ausgesinn. Säin Optrëtt huet un eng Rechemaschinn erënnert, där d'Zuelen hannert dem Komma feelen: graff, onpräzis, ouni Differenzéierung an ouni de greéngste soziale Finetuning.
No senger Wahlnéierlag am Joer 2013 huet hien 2014 säi Chambermandat un dee Nächstgewielten ofginn mat der Begrënnung: "D'Roll vum Oppositiounspolitiker entsprécht net menge Charaktereegeschaften." De Luc ass nu mol gebuer fir d'éischt Gei ze spillen, an hien decidéiert am léifste selwer, wéini d'Publikum applaudéieren soll.
Tëschestopp am Londoner Finanzlabyrinth an d'Ära vun de Conseils d'Administration
Duerno koum en Optrëtt bei der Deutsche Bank zu London als Vice Chairman. 18 Méint méi spéit war de Flirt eriwwer, an de Luc Frieden ass nees heemkomm. Si soe: Business Class fir dohinner, a mat der Economy nees zeréck. De Bilan war éischter moer.
An de Joren no London huet de Luc Frieden Verwaltungsrotsposte gesammelt wéi anerer Panini-Stickeren:
- BIL: President vum Verwaltungsrot - vum Emirat Katar an d’Volléksrepublik, ëmmer mam richtegen Handschlag
- Luxemburger Wort (Saint-Paul): President vum Verwaltungsrot - de Konzern huet hien un d'belscht Mediahuis verkaaft. Iwwer 500 Leit hunn hir Plaz verluer.
- Chambre de Commerce & Eurochambres: Wirtschaftslobbyismus am Kostüm a mat der Invitatiounsmapp am Grapp.
- Universitéit St. Gallen: Gaaschtprofesser – Ee vu senge Seminare sollt sech mat der Indexmanipulatioun a poetescher Form beschäftegt hunn.
- Affekotenétude Elvinger-Hoss-Prussen: Zréck an d'Juristerei – well déi Hellewull vu Posten net duergaangen ass fir e würdegt Liewen ze féieren.
D'Inszenéierung vum "neie Luc"
Wéi d'CSV hien 2023 als Spëtzekandidat nominéiert huet, war den neie Luc gebuer. Hie laacht. Hie kacht. Hie besicht Leit. Seng Fra schwärmt: "Jiddereen, deen de Luc kennt, gesäit an him eng ganz aner Persoun wéi een, deen ë nëmme vu wäitem kennt."
Awer den neie Luc widdersprécht dem neie Luc – an engem RTL-Interview vum 13. August 2023: "An de grousse Prinzipien, an de Wäerter, an der politescher Orientéierung, fir eng wirtschaftsfrëndlech Gesellschaft, déi och der Sozialpolitik déngt – dat sinn ech. An zu deene Prinzipien stoung deemools, stinn ech haut. Déi muss ee senger Zäit upassen. Mee et ass net sou, wéi wann ech inhaltlech haut total anescht wäer wéi fréier. An an deem Sënn ass et e Produkt, dat sech upasst un seng Zäit, ouni d'Produkt ganz iwwer Bord ze geheien – dat ass och net méiglech." E Saz wéi aus dem IKEA-Katalog: Neien Design, al Schrauwen, deeselwechte Mode d'emploi.
Wat d’Produkt "Luc Classic –Edition 1998–2013” alles konnt
Lëscht vun den Zutaten fir Spuerpolitik mat Indexbewertung:
Wat bréngt den neie Luc an der Premier Edition?
Elo wou de Luc Frieden Premier ass, schéngen d'Dieren wäit op ze sinn:
- Pensiounsalter? Firwat net 70 – dat hält jonk.
- Aarbechtszäiten? Flexibilitéit als Liewensstil – 12 Méint Bereitschaft plus Sonndesdéngscht.
- Kollektivvertragsverhandlungen? Gewerkschaften? Vill ze revendikativ – Kuscheldelegéierten sollen iwwerhuelen.
- Ëffnungszäiten am Commerce? 6:00 bis 22:00 Auer – d’Gewerkschafte léieren hien lo mol kennen an Iwwerstonne schätzen.
Modern, effizient, neoliberal mat engem Smiley-Sticker. Dat ass den neie Luc – genee dee selwechte wéi virdrun.
D'Lëscht schwätzt fir sech selwer: 17 Moossnamen ëmgesat, 4 Projete gescheitert.
Jiddereen, deen erwaart, datt den "neie Luc" ee "Bréckebauer" ass - wéi hien sech selwer beschreift -, sollt sech bewosst sinn, datt de Luc Frieden mat all Handdrock gläichzäiteg den Index iwwerpréift. An deementspriechend handelt, bis mer all ausgequetscht sinn.
De Sozialdialog mécht Vakanz
An engem Interview mam Essentiel, den 21. Juli 2025, huet den fréiere Staatsminister an Erfinder vun der Rentemauer, Jean-Claude Juncker, net nëmmen d'Verhandlungsmethod vum Luc Frieden kritiséiert, mee och de Sozialdialog insgesamt ënnert dem Luc Frieden. Egal ob et sech ëm Aarbechtszäiten, Sonndesaarbecht oder den Ëffnungszäiten am Commerce handelt: Dem neie Luc säi Verhandlungsstil erënnert un e GPS an engem Tunnel: keen Empfang, keng Richtung, awer de System seet: "Maacht Demi-tour wannechgelift."
Fir de Luc waren déi lescht zwou Réuniounen mat de Gewerkschaften offensichtlech dees Gudden ze vill, an hien huet de Sozialdialog strategesch an den Hierscht verréckelt. D'Summerpaus ass ugekënnegt - fir d'Gewerkschaften, d'Regierung an d'Gemidder. Wärend d'Land an de Vakanzemodus wiesselt, hofft de Premierminister insgeheim, datt d'Leit sech kollektiv um Strand berouegen. A wee weess: Vläicht verflitt dem Vollék seng Roserei mam leschte Low-Cost-Fluch a Richtung Süden.
De Luc kënnt dann am Hierscht zréck, mat neiem Elan, bronggebrannt a mat der selwechter Argumentatioun wéi virun der Vakanz. Dës Kéier just an de Flip-Flops.
Kommentar schreiben