D'Tripartite sollt d'Kafkraaft stäerken. D'Gewerkschaften hunn 300 € méi Mindestloun gefuerdert. D'Patronen hu refuséiert. D'Regierung huet eng Léisung fonnt: d'Allgemengheet bezilt. Eng Satir iwwer kreativ Mathematik, schéi Verpackungen an déi typesch lëtzebuergesch Solidaritéit.
"Luxembourg Jungle" huet via Insider Informatiounen iwwer dem neie Luc seng Ried zur Lag vun der Natioun kritt. Hei ee kuerzen Ausbléck, wat op d'Land duerkënnt.
Eng satirisch Faart duerch d’Zick‑Zack‑Politik vun der Regierung, déi d’Bierger op eng Achterbahn schéckt, ouni se gefrot ze hunn an ouni se ze informéieren, ween d'Kontroll huet.
Deux mondes, une seule posture, bien alignés dans l'axe du leader, le regard pieux et dévot fixé vers l’avant.
Au congrès du CSV (à gauche), une ambiance mi‑cathédrale, attendant presque un "Urbi et Orbi".
Au consistoire du Vatican (à droite), une atmosphère mi‑congrès, attendant presque un discours politique.
Zwou Welten, eng Pose, schéi brav an der Achs vum Leader, de Bléck fromm no vir.
Um CSV-Kongress (lénks), d'Atmosphär hallef Kathedral an d'Waarden op den "Urbi et Orbi".
Um Vatican-Konsistorium (riets), d'Atmosphär hallef Kongress, an d'Waarden op eng politesch Ried.
2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.
Virun 8 Deeg huet de neie Luc nach an aller Rou erkläert:
"Et ass keng Regierungsëmbildung virgesinn."
Haut, just eng Woch méi spéit, steet de selwechte Luc virun der Press a seet: "Ech hunn de Grand-Duc haut iwwer eng Regierungsëmbildung informéiert."
An der CSV heescht dat net Dementi, mee eng politesch Pirouette.
De neie Luc (CSV) huet sech e Freideg, 21. November 2025, op senger Pressekonferenz, bei där hien de Bilan iwwer zwee Joer CSV-DP-Regierung gezunn huet, ganz zefridde gewisen. Zefridde mat sech selwer, natierlech. D'Pressekonferenz war kee Regierungsbericht, mee eng One-Man-Show, bei där de neie Luc sech permanent selwer op d'Schëller geklappt an sech als Retter vun der Natioun duergestallt huet.
Wärend de neie Luc a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Mee d’Logementskris feierlech fir beendegt erkläert huet, an ënnerstrach huet, d’Aarmut wär amgang, sech a Loft opzeléisen, schwätzen d’Zuelen eng ganz aner Sprooch.
Den 11. September 2025 geet als besonneschen Dag an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Aarbechterbeweegung an. De Patronatsverband UEL hat wëlles, d’Rad vun der Zäit ëm 100 Joer zréckzedréinen. RTL huet bericht: D'Aarbechtszäit kéint geschwënn 52 Stonne pro Woch sinn.