No den Treffe mat de Gewerkschaften den 9. a 14. Juli an dem CSV-Grillfest den 10. Juli stelle sech vill Leit d’Fro: Wat ass eigentlech nei um neie Luc?
"Luxembourg Jungle" ass dëser brisanter Fro nogaangen – an ass op een iwwerraschende Phänomen gestouss.
Wärend d'Regierung dem Land erkläert, mir bräichten dréngend eng Pensiounsreform (also Verschlechterungen), well d'Reserven ofhuelen, fléissen Honnertemilliounen Euro aus der Rentereservekees an d'Waffenindustrie. Glécklecherweis gëtt ethisch investéiert, erkläert d'Sozialministesch Deprez. Et gëtt kee Geld a Phosphorbommen gestach. Uff! A Streebommen? Vläicht. Mee doriwwer schwätzt een net.