Artikel mit dem Tag "Sozialdialog"



Illusioun Mindestlounerhéijung
Gestëppels / piques · 08. Juni 2026
D'Tripartite sollt d'Kafkraaft stäerken. D'Gewerkschaften hunn 300 € méi Mindestloun gefuerdert. D'Patronen hu refuséiert. D'Regierung huet eng Léisung fonnt: d'Allgemengheet bezilt. Eng Satir iwwer kreativ Mathematik, schéi Verpackungen an déi typesch lëtzebuergesch Solidaritéit.

De Superluc
Gestëppels / piques · 26. November 2025
De neie Luc (CSV) huet sech e Freideg, 21. November 2025, op senger Pressekonferenz, bei där hien de Bilan iwwer zwee Joer CSV-DP-Regierung gezunn huet, ganz zefridde gewisen. Zefridde mat sech selwer, natierlech. D'Pressekonferenz war kee Regierungsbericht, mee eng One-Man-Show, bei där de neie Luc sech permanent selwer op d'Schëller geklappt an sech als Retter vun der Natioun duergestallt huet.

D'52-Stonnewoch
Soziales / social · 15. September 2025
Den 11. September 2025 geet als besonneschen Dag an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Aarbechterbeweegung an. De Patronatsverband UEL hat wëlles, d’Rad vun der Zäit ëm 100 Joer zréckzedréinen. RTL huet bericht: D'Aarbechtszäit kéint geschwënn 52 Stonne pro Woch sinn.

Den Neie Luc - Politik am Retro-Stil
Gestëppels / piques · 22. Juli 2025
No den Treffe mat de Gewerkschaften den 9. a 14. Juli an dem CSV-Grillfest den 10. Juli stelle sech vill Leit d’Fro: Wat ass eigentlech nei um neie Luc? "Luxembourg Jungle" ass dëser brisanter Fro nogaangen – an ass op een iwwerraschende Phänomen gestouss.

Dialog à la Frieden
Gestëppels / piques · 11. Juli 2025
Sozialdialog? Moie Misch! Als Hobbykach, weess de neie Luc, wéi en sech uleet. Schliisslech war RTL scho bei him doheem fir nozekucken an ze filme, wéi hie kacht. Seng Spezialitéit? Gulasch, dee gutt laang brutschele gelooss gëtt, bis e mëll ass a quasi zerfällt.

Huet de Luc Frieden Kräid giess?
Gestëppels / piques · 10. Juli 2025
Oh wéi gnädeg! De neie Luc huet sech erbaarmt: D'Gewerkschaften däerfen dann awer bei de Verhandlunge vu Kollektivverträg matschwätzen. Wat fir eng politesch Gnod vum schwaarzen Himmel!

Déjà-vu bei der CSV
Gestëppels / piques · 29. Juni 2025
Zu Lëtzebuerg, dem Land vun de guttgenierten a gemittleche Bierger, riskéiert de soziale Fridden an d'Schlidderen ze geroden. Den 28. Juni 2025 sinn iwwer 25.000 Leit aus hirem üblech Train-Train ausgebrach a sinn aus Protest duerch d'Stad marschéiert. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB haten zur Demonstratioun opgeruff, an hire Message war sou wéineg ze iwwersinn wéi der CSV hire Logo um Projet iwwert d'Pensiounsreform.

#Satir | Sozialdialog ouni Georges Mischo
Soziales / social · 28. Januar 2025
An enger Welt, wou den Aarbechtsminister op eemol spuerlos verschwënnt, bleift d'Fro: Huet de Georges Mischo Angscht virum Mikro oder virum Sozialdialog?