Virun de Wahlen war deem neie #Luc kee Blitzlicht a kee Mikro ze vill. Soubal hien awer vum Grand-Duc als Formateur genannt gouf, war hie schonn nees een aneren. Dee ganz neie #Luc wollt op eemol vun Informatiounen an Transparenz näischt méi wëssen.
Wärend dem Walkampf huet d’Aussepolitik kaum eng Roll gespillt. Dobei misst et eigentlech fir jidderee kloer sinn: wat ee Land méi kleng, wat d’Ausland méi grouss ass. Et gouf wuel kaum ee Wahlkampf, wou d’Evenementer am Ausland eng sou grouss Roll hätte spille kéinten, wéi dëst Joer. Et dierft ee gespaant sinn wéi sech dee neie #Luc am Noost-Konflikt positionéiert, wou dach deen ale #Luc mam katareschen Emir "ee Kapp an en Aasch war".
Kaum ee Politiker polemiséiert am Moment méi wéi de #Luc. Ma fir de #Luc ze verstoen, muss een och seng Vergaangenheet kennen.
E jonke Mënsch huet sech d'Méi gemaach, dem #Luc seng politesch Carrière opzeschaffen. De #Luc ass doriwwer guer net frou a jéimert. Liest, wat hien sengem Frënd Jean-Claude schreift.
De #Luc huet ee Video iwwert sech dréine gelooss. Hien ass frou, well net emol Statisten sinn drop ze gesinn. An engem weidere Bréif un de Jean-Claude, deen der Redaktioun vu Luxembourg Jungle virläit, geet de #Luc an d'Detailer.
Bal siwenzéng Joer laang hunn ech ënnert Dir als Justizminister, Finanzminister, Arméiminister a Kommunikatiounsminister gedéngt an du hues méng exzellent Aarbecht ni wierklech gelueft. Dofir luewen ech mech haut selwer. Sou oft et geet. Et ass zwar ustrengend, well wann een sech stänneg selwer op d’Schëller klappt, huet ee keng Hand méi fräi. Et mécht awer Spaass an et deet richteg gutt.
De Luc Frieden huet all seng Joben opginn fir kënne Spëtzekandidat vun der CSV ze ginn. Mir hunn eis mam prominenteste Chômeur vu Lëtzebuerg ënnerhalen.
Lo ass et also offiziell. Dee Mann, deen an e puer Méint seng 60 Joer feiert, vun der CSV awer zanter zwee Méint ganz bewosst als dynameschen, temperamentvollen, jonken 59-jährengen servéiert gëtt, ass um Konvent vum 25. Mäerz 2023 zu Ettelbréck endlech als nationale Spëtzekandidat ugeholl ginn. Iwwregens: d’Wuert "Konvent" staamt aus dem Laténgeschen "conventus" a bedeit "eng Versammlung vu Pateren am Klouschter", wat also ganz gutt bei déi Chrëschtlech-Sozial passt.