Eng Satir iwwer d’EU-Elite, déi sech mat Hotel‑Drama an Opluedpausen ofgëtt, wärend d’Bierger mat reelle Problemer ze kämpfen hunn. Eng Consultatioun beim "Parlamentsdokter", wou Bettwäsch a Batterien d’Demokratie an de Schied stellen.
D'Tripartite sollt d'Kafkraaft stäerken. D'Gewerkschaften hunn 300 € méi Mindestloun gefuerdert. D'Patronen hu refuséiert. D'Regierung huet eng Léisung fonnt: d'Allgemengheet bezilt. Eng Satir iwwer kreativ Mathematik, schéi Verpackungen an déi typesch lëtzebuergesch Solidaritéit.
Europadag zu Lëtzebuerg: Food Trucks, Béierbuden a Quizspiller – während 63% d'Zukunft schwarz gesinn, d'Hallschecht den EU-Institutiounen net méi vertraut, an d'EU am Demokratie-Ranking nëmmen op Plaz 31 vu 68 lannt. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.
Zu Lëtzebuerg ass eng nei politesch Waff entdeckt ginn: den Dackel. Aspro, Newton an en elektreschen Ersatz — eng Satir iwwer d'Dackelmania an der Lëtzebuerger Politik.
D'US-Ambassade zu Lëtzebuerg hat eng Foto vum Luxembourg American Business Award Gala am Metropolitan Club zu New York verëffentlecht – an derbäi diskret eng Persoun ewechretuschéiert. Wéi d'Tageblatt erausfonnt huet, handelt et sech ëm déi fréier US-Ambassadrice Cynthia Stroum. Eng satiresch Glosse iwwer Fotomanipulatioun, diplomatesch Diskretoun – a Methoden, déi een éischter aus anere Kreesser kennt.
Et gi Fotoen, déi wéi eng Erënnerung ausgesinn. An et gi Fotoen, déi wéi eng Warnung wierken. Déi hei gehéiert ouni Zweiwel an déi zweet Kategorie: eng Stëmmung wéi an engem Hollywood‑Thriller, just datt d’Kuliss net huet missten opgeriicht ginn – se war schonn do.
D'Chamber huet decidéiert: D'Aarbechtskonditioune bei der Arméi solle verbessert ginn. Dat ass kee Witz, och wann et esou kléngt. An enger Welt, an där et iwwerall knuppt an d'Diplomatie iwwerflësseg ginn ass, muss d'Arméi hir Roll iwwerhuelen. Och zu Lëtzebuerg gëtt sech d'Fro gestallt: Wéi kënne mer d'Arméi méi attraktiv maachen? Eng Satir iwwer de Sënn vun der Arméi a vum Krich.
Eng Petitioun mat bis ewell 62 Ënnerschrëften wëll Patriotismus als Schoulfach aféieren. Dës Satir weist mat Humor, wéi d'Kanner zu braven, eenheetleche "Mini‑Lëtzebuerger" geformt solle ginn – mat Ritualer, der Heemecht, Fändeltraining an Zensuren mat der pädagogesch korrekter Doséierung Patriotismus.
D’LSAP, fréier mol als Partei gegrënnt, huet sech zur Aktiegesellschaft transforméiert, mat Management, Flipcharts, Mission Statements a Quarterly Business Reviews. Sozialismus als Markennumm, poléiert fir déi nächst Ilres-Ëmfro.
Wat war dat ee Gejäiz wéi d'CSV annoncéiert hat, datt dem Woltermischi seng Fra géif d'Successioun um Buergermeeschterstull zu Käerjeng iwwerhuelen. Dobäi vergiesse vill Leit: Mir brauche méi Familljeclanen an der Politik!