D’LSAP, fréier mol als Partei gegrënnt, huet sech zur Aktiegesellschaft transforméiert, mat Management, Flipcharts, Mission Statements a Quarterly Business Reviews. Sozialismus als Markennumm, poléiert fir déi nächst Ilres-Ëmfro.
2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.
De neie Luc (CSV) huet sech e Freideg, 21. November 2025, op senger Pressekonferenz, bei där hien de Bilan iwwer zwee Joer CSV-DP-Regierung gezunn huet, ganz zefridde gewisen. Zefridde mat sech selwer, natierlech. D'Pressekonferenz war kee Regierungsbericht, mee eng One-Man-Show, bei där de neie Luc sech permanent selwer op d'Schëller geklappt an sech als Retter vun der Natioun duergestallt huet.
No den Treffe mat de Gewerkschaften den 9. a 14. Juli an dem CSV-Grillfest den 10. Juli stelle sech vill Leit d’Fro: Wat ass eigentlech nei um neie Luc?
"Luxembourg Jungle" ass dëser brisanter Fro nogaangen – an ass op een iwwerraschende Phänomen gestouss.
Den 13. Juli 2025 si méi Leit bei d'Lëtzebuerger Arméi gepilgert wéi der und der Muttergottesoktav an under Sprangpressessioun zesummen deelgeholl hunn. Mam Poséieren op Panzeren a politescher PR gouf d'national Verteedegung déi nei Liturgie. Minister mat Maschinnegewierer, Resilienz fir unzepaken, a matzendran d'Mettwurscht als helleg Hostie. Déi nei Doktrinn: marschéieren, grinsen, ersetzen.
25.000 Mënsche protestéieren, wärend de neie Luc 99,9 % Zoustëmmung annoncéiert. Dës Satir rechent no - a rechent of. Si weist, wéi bei der CSV d'Politik zu enger Rechenaufgab gëtt, bei där d'Vollek net méi matkënnt.
Wee kontrolléiert de Lëtzebuerger Bësch? D'Jeeërfederatioun setzt sech duerch: Champignonspléckerten, Naturfotografen a Wanderer geroden an d'Viséier vun de Jeeër. Déi nei Reegelunge schränken den Accès an de Bësch zolitt an – zugonschte vun de Jeeër. Eng Satir iwwert d'Generalversammlung vun der FSHCL den 31. Mee 2025 zu Mäerzeg.
Et ass nees souwäit. De Fred Keup, den autoproklaméierte Schutzhär vun der Demokratie, huet erëm zougeschloen, a probéiert op en Neits, Lëtzebuerg ze retten. Am "Wort" freet hien, ob d'Land eng "Brandmauer géint du Gréng" brauch. Eng kuriéis Formuléierung – schliisslech ass et genee dem Keup säi politesche Stil, deen sech drop spezialiséiert huet, Feier ze leeën, just fir sech dann als Pompjee ze inszenéieren.