WEEN DÄERF NACH an de Bësch ERAN?
Wee kontrolléiert de Lëtzebuerger Bësch? D'Jeeërfederatioun setzt sech duerch: Champignonspléckerten, Naturfotografen a Wanderer geroden an d'Viséier vun de Jeeër. Déi nei Reegelunge schränken den Accès an de Bësch zolitt an – zugonschte vun de Jeeër. Eng Satir iwwert d'Generalversammlung vun der FSHCL den 31. Mee 2025 zu Mäerzeg.
De Bësch – fréier eng Plaz vu Fridden a Fräiheet, wou Wanderer, Fotografen a Champignonspléckerten hirt Gléck fonnt hunn. An haut? En exklusive Club fir Jeeër, wou d'Entrée streng reglementéiert ass, gesponsert mat staatleche Subventiounen!
Wärend den normalstierfleche Wanderer nach ëmmer dovun dreemt, an de Bësch ze goen an déif duerchzeotmen, muss hie sech haut froen: Huet mäi Spadséiergang d'Juegd éire gestéiert? Sinn ech illegal hei? Hunn ech géint dat neit Bëschreglement vun der Jeeërsfederatioun verstouss?
Op der Generalversammlung vun der Jeeërfederation FSHCL (Federatioun Saint-Hubert des Chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg), iwwert déi RTL bericht huet, waren se all zefridden: d'Jeeër, d'Regierung an d'Natur- a Forstverwaltung. Den Ëmweltminister Serge Wilmes, dee net konnt do sinn, gouf extra live per Videokonferenz bäigeschalt. Als ee vun de wichtegste Regierungsmemberen hat hien eng wichteg Matdeelung ze maachen: D'staatlech Subventioun fir d'Jeeërfederatioun geet vu 75.000 op 250.000 Euro d'Joer erop!
Dëst Geld gëtt vun der FSHCL dréngend gebraucht. D'Jeeërfederatioun kann lo endlech déi laang versprachen ergonomesch geformten a gepolstert Thermokëssen fir d'Hochsitzer uschafen. A well d’Juegd lo och nuets op ass, brauchen d’Jeeër natierlech Nuechtsichtgeräter.
KACHCOUREN FIR NILGÄNSEN
D’Jeeërfederatioun brauch déi Suen och fir d’Finanzéirung vun hirem Workshop iwwert d’Ofschéissen, d'Schluechten an d’Brode vu Nilgänsen. “D’Jeeër géife gär hëllefen d’Plo vun den Nilgänsen an de Grëff ze kréien”, huet den FSHCL-President op der Generalversammlung gesot, an ënnerstrach: “Et kann een se esouguer iessen. Allerdéngs hänkt de Goût vun de Fluchstonnen of.” Am Workshop “Nilgänsen” ginn d’Jeeër dofir geléiert, wéi een d’Fuchstonnen vu de Nilgänse richteg berechent an et gi Kachcouren ugebueden, wéi ee Nilgänse am beschte präparéiert.
Den Direkter vun der Natur- a Forstverwaltung (ANF) Michel Leytum, deen als Éiregaascht un der Generalversammlung vun der FSHCL deelgeholl huet, huet d'Aussoen an déi ambitiéis, innovativ Iddien vun der Jeeërfederatioun ausdrécklech begréisst. “D’Nilgänsen sinn eng invasiv Art”, déi illegal an d’Land erakomm ass. Si hätten sech net un d’Virschrëfte gehalen, dofir missten déi elo geännert ginn, fir datt och eng domm Gäns se versteet. Hien huet ënnerstrach, dass wann d’Nilgänsen net dohinner zréckginn, wou se hirkomm sinn, “da musse mer pragmatesch Léisunge fannen an de Jeeër d’Méiglechkeet ginn, aktiv ze ginn.”
FIERKELSJUEGD
“Mir mussen och déi kleng Fierkele schéissen – so elle wéi et ass, an sou ongär mir dat och maachen”, huet de President vun der Jeeërfederatioun schwéieren Häerzens zouginn. Ma hannert dëser gespillter Trauer stécht eng staatlech finanzéiert Effizienzstrategie. “Den Opruff ass: schéisst weider! Well déi, di mer am Klenge schéissen, di maachen am Grousse kee Schued méi”, huet d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen berouegend erkläert, a confirméiert, datt d’Primme weiderhin ausbezuelt gëtt – eng Ukënnegung, déi d’Stëmmung am Sall nees däitlech verbessert huet. Mat elektreschem Drot an en engem Fréiwarnsystem fir problematesch Fierkelbeweegungen mat Zäiten ze erkennen, sollen eis Grenzen an Zukunft besser geschützt ginn. Am Virfeld huet d’Regierung eng Étude maache gelooss, aus där ervirgeet, datt 89 Prozent vun de Fierkelen d’Potenzial hunn, sech a fënnef Joer zu radikale Wëllschwäin ze entwéckelen. “Mir mussen d’Mini-Schwäin stoppen, ier si eis stoppen!”, huet d’Bauereministesch ofschléissend gesot.
ACCÈS AN DE BËSCH JUST NACH MAT OFFIZIELLER GENEEMEGUNG
D'FSHCL huet es genuch! Et ginn einfach ze vill Fräiheeten am Bësch, ze vill Onrou, ze vill Mëssbrauch vun der Natur! D'Leit spadséiere ondisziplinéiert op de Wanderweeër, déi eigentlech als Rouplaze fir d'Wëld an als Schosslinn fir d'Jeeër geduecht sinn. D'Champignonspléckerten raiberen de ganze Bësch aus, wéi wann en hinne gehéiere géif. "Si lafen de ganzen Dag, vu moies bis owes, duerch d'Bëscher, wat net grad fërdernd ass, fir dass de kanns däi Wëld ofschéissen", beschwéiert sech den FSHCL-President Jo Studer. Mee déi gréisste Plo gesinn d’Jeeër an de Naturfotografen. Onkontrolléiert Schnappschëss bréngen d'ökologescht Gläichgewiicht a Gefor, oder schlëmmer nach: e Jeeër kéint an d'Bild lafen.
NEI BËSCHREEGELUNG VUN DE JEEËR
Dat kann net sou weidergoen. Nei Reglementer sinn néideg. D'FSHCL huet der Regierung e komplette Reformpak presentéiert, fir di fräi Notzung vun de Bëscher endlech ënner Kontroll ze kréien:
- Umeldung am Bureau d'inscription – Jiddereen, deen an de Bësch spazéiere goe wëll, muss als éischt eng Openthaltsgeneemegung ufroen. D'Dauer, de Parcours an déi erlaabten Aktivitéite si streng vun der FSHCL gereegelt.
- Reglementéiert Wanderweeër – Net all Bëschwee soll fir déi normal Leit zougänglech sinn. D'Wëld brauch Rou a Fridden, d'Jeeër brauche fräi Schosslinnen – an d'Wanderer brauche Reglementer!
- D'Naturfotografen ënner Kontroll bréngen – Jiddereen, dee Fotoe maache wëll, muss am Viraus eng Autorisatioun ufroen. Fotograféieren stéiert d'Déieren oder et kéinten ongewollt Jeeër bei hirer Fräizäitaktivitéit fotograféiert ginn.
- Quote fir d'Sammele vu Champignonen – D'Champignonspléckerei muss streng reglementéiert ginn. D'FSHCL bestëmmt, wéini, wou a wéi vill Champignone gepléckt däerfe ginn – natierlech am Aklang mat de Prioritéite vun der Juegd.
Dës Initiativ gëtt ausdrécklech vun der Natur- a Forstverwaltung ënnerstëtzt. "D'Jeeër sinn en Deel vun der Léisung“, erkläert den Direkter Michel Leytem a lueft déi nei Moossnamen als e Schrëtt an déi richteg Richtung vun enger kontrolléierter Bëschreegelung. Eis Gesellschaft soll sech endlech bewosst ginn, datt eng gutt organiséiert Ofschossquot méi wichteg ass wéi e Champignon, eng Foto oder en Trëppeltour.
WIDDERSTAND FORMÉIERT SECH
Ma net jiddereen ass mat dëser totaler Kontroll vum Bësch duerch d’Jeeër averstanen. De Widderstand wiisst - virun allem an de soziale Medien. D’Champignonspléckerten, d’Hobbyfotografen an d’Wanderer organiséieren sech a plange Protester géint d'Jeeërfederatioun. Awer d'FSHCL huet scho virgesuergt. Si proposéiert e weidere Punkt an dat neit Bëschreglement opzehuelen:
- All Demonstratioune mussen am Viraus geneemegt ginn – natierlech vun der FSHCL.
Well déi, déi mengen, si misste géint déi nei Bëschreegele rebelléieren, musse léieren, datt och Protester kontrolléiert a geuerdnet musse sinn. D'Natur ass schliisslech kee gesetzlose Raum fir Abenteuerer, mä eng strategesch Ressource – déi exklusiv fir déi revervéiert ass, déi wierklech wëssen, wéi ee se notzt.
DÉI PERFEKT SYMBIOS
D'Landwirtschaftsministesch huet ugekënnegt, datt den nächste Regierungsrot sech mam Bëschreglement vum Jeeërverband beschäftege géif, an datt dëst schonn d'nächste Mount a Kraaft triede kéint – e Rekordtempo fir eng Gesetzesännerung, wann déi richteg Akteuren um Dësch sëtzen.
Fir de President vun der FSHCL, Jo Studer, war et evident, datt déi enk Zesummenaarbecht tëscht dem Jeeërverband an der Regierung sech ausbezuelt huet. Mat grousser Satisfaktioun huet hien kommentéiert: “Mir hate nach ni sou eng gutt Zesummenaarbecht wéi lo.”
Remarque 1:
All kursiv a fettgedréckten Textpassage sinn Originalzitater aus der Generalversammlung vun der FSHCL a goufen genee esou gesot.
Remarque 2:
Wéinst engem technesche Problem war eisen ursprénglechen Artikel vum 5. Juni 2025 net méi zougänglech. Dofir verëffentleche mir en hei nei, fir datt Dir en ouni Problemer liese kënnt. Wann Dir en éire scho gepost oder gedeelt hunn, benotzt w.e.g. dëse neie Link. Merci fir Ärt Versteesdemech!
Och interessant:
Kommentar schreiben