D'Tripartite sollt d'Kafkraaft stäerken. D'Gewerkschaften hunn 300 € méi Mindestloun gefuerdert. D'Patronen hu refuséiert. D'Regierung huet eng Léisung fonnt: d'Allgemengheet bezilt. Eng Satir iwwer kreativ Mathematik, schéi Verpackungen an déi typesch lëtzebuergesch Solidaritéit.
An? Haut scho gelaacht? Zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer vill a gär gelaacht. Dat ass eng Traditioun, méi al wéi d’Schmelzen am Minett.
Op der Foto vun der Ënnerschrëft vum Accord Lux2029 mat ArcelorMittal gëtt net einfach just gelaacht. Dat ass eng aner Kategorie vu Laachen: dat ass dat Laachen, wann een eng gutt Nouvelle matzedeelen huet.
Virun 8 Deeg huet de neie Luc nach an aller Rou erkläert:
"Et ass keng Regierungsëmbildung virgesinn."
Haut, just eng Woch méi spéit, steet de selwechte Luc virun der Press a seet: "Ech hunn de Grand-Duc haut iwwer eng Regierungsëmbildung informéiert."
An der CSV heescht dat net Dementi, mee eng politesch Pirouette.
Den 11. September 2025 geet als besonneschen Dag an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Aarbechterbeweegung an. De Patronatsverband UEL hat wëlles, d’Rad vun der Zäit ëm 100 Joer zréckzedréinen. RTL huet bericht: D'Aarbechtszäit kéint geschwënn 52 Stonne pro Woch sinn.
D'Taina Bofferding, Fraktiounscheffin vun der LSAP, sëtzt am RTL-Studio, d'Kamera leeft, de Mikro ass un – an de Message? Deen ass ongeféier sou konkret wéi e Walverspriechen no de Walen. D'Regierung huet "de Sozialmodell mat Féiss getrëppel", seet si. D'Taina Bofferding schéngt allerdéngs vergiess ze hunn, datt d'LSAP selwer ënner der Juncker-Regierung mat der Eleganz vun engem Elefant an engem Parzeläinsbuttek gehandelt huet.
No den Treffe mat de Gewerkschaften den 9. a 14. Juli an dem CSV-Grillfest den 10. Juli stelle sech vill Leit d’Fro: Wat ass eigentlech nei um neie Luc?
"Luxembourg Jungle" ass dëser brisanter Fro nogaangen – an ass op een iwwerraschende Phänomen gestouss.
Sozialdialog? Moie Misch! Als Hobbykach, weess de neie Luc, wéi en sech uleet. Schliisslech war RTL scho bei him doheem fir nozekucken an ze filme, wéi hie kacht. Seng Spezialitéit? Gulasch, dee gutt laang brutschele gelooss gëtt, bis e mëll ass a quasi zerfällt.
Oh wéi gnädeg! De neie Luc huet sech erbaarmt: D'Gewerkschaften däerfen dann awer bei de Verhandlunge vu Kollektivverträg matschwätzen. Wat fir eng politesch Gnod vum schwaarzen Himmel!
"Vivre ensemble" zu Lëtzebuerg: hei wäscht eng Hand déi aner an een heemelt deem aneren iwwert de Käppchen.
Gewerkschaften an d'Monarchie an engem Otemzuch nennen? Kee Problem! Well am Grand-Duché gëtt net tëscht Klassekampf a Kréinungszeremonie gewielt - et bestellt ee béides à la carte.
An enger Welt, wou den Aarbechtsminister op eemol spuerlos verschwënnt, bleift d'Fro: Huet de Georges Mischo Angscht virum Mikro oder virum Sozialdialog?