US-Ambassade léisst Persoun verschwannen
Virun e puer Deeg hate mir eng Foto kommentéiert. Eng Foto, gepost vun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg. Si weist de Grand-Duc, den Ausseminister, de Finanzminister, an d'US-Ambassadrice Stacey Feinberg – versammelt ronderëm e gutt gedeckten Dësch am Metropolitan Club zu New York. Mir haten d'Ambiance vun der Foto mat där aus engem Hollywood‑Thriller beschriwwen. D'Bild erënnert éischter un de Mafiafilm The Godfather wéi un een diplomatscht Treffen. Un eng Versammlung vu Leit, déi ganz genee wëssen, datt een net freet wat um Menü steet.

Dir hutt gelaacht. Mir och.
Mä d'Satir huet eng Eegenaart: Si läit selte falsch.
Dës Woch huet d'Tageblatt erausfonnt: Op der Foto, déi d'Ambassade verëffentlecht hat, feele Persounen. Virun allem eng Persoun, déi Deel vum Treffe war, ass spuerlos verschwonnen. Net well si net do war. Mä well iergendeen – mat Photoshop, mat Gedold, a mat engem besonnesche Sënn fir diplomatescht Geschéck – decidéiert hat, datt si net méi do sollt sinn.
D'Persoun: Cynthia Stroum. Fréier US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg. Demokratesch Spendesammlerin. Starbucks-Lobbyistin. Xavier Bettel-Fan. An elo: digitale Geescht.
An der Mafia nennt een dat fare sparire. D'Verschwanne loosse vu Leit. Diskret. Professionell. Ouni grouss Erklärungen. D'Nopere froen net laang. D'Press fënnt näischt eraus. Wéi op der Foto aus dem New Yorker Metropolitan Club.
D'Tageblatt schwätzt neutral vun der "wegretuschierten Frau".
Mir nennen d'Kand beim Numm.
Et muss een d'Cynthia Stroum net onbedéngt symathesch fannen, fir dës Situatioun komesch ze fannen. Si war keng einfach Ambassadrice. Wéi d'Tageblatt schreift, hat de State Department no hirer Demissioun en zolitte Rapport geschriwwen – "konfrontativer Führungsstil", Personalmangel, "Zustand der Dysfunktion".
Eenzel Mataarbechter sollen souguer hir Versetzungen an den Irak ugefrot hunn. Den Irak! Als Verbesserung.
Mat anere Wierder: Si war scho vum State Department "eliminéiert" ginn. Symbolesch. Amtlech.
An elo, 15 Joer méi spéit, nach emol. Dës Kéier per Fotoretusch.
Si gehéiert domat zu der seltener Spezies an der Diplomatie-Geschicht: eng Ambassadrice, déi zweemol verschwënnt. Eng Leeschtung, mat där kee gerechent hat.
Wat bleift, ass d'Fro, déi d'US-Ambassade bis ewell net beäntwert huet: Firwat?
Firwat retouchéiert eng offizielle Vertriederin vun den USA eng fréier Kollegin aus enger Foto? Wat war de Problem? Eng perséinlech Animositéit? En Direktiv vu ganz uewen? Oder einfach: well een et kann – an et eben dofir och mécht?
Keen huet eppes gesinn. Wéi ëmmer, wann iergendee verschwënnt. Do ass Lëtzebuerg keng Ausnam – dat ass Traditioun.
Mir hate geschriwwen, d'Foto geséich aus wéi e Mafia-Treffen.
Lo wësse mer: Mir waren ze vill zréckhalend. Et war net nëmmen Mafia-Stëmmung. Et si Mafia-Methoden.
Den eenzegen Ënnerscheed tëschent engem diskrete Verschwanne zu Palermo an engem diskrete Verschwanne per Photoshop zu Washington ass: zu Palermo eleminéiert een d'Persoun zerguttst. Zu Washington eleminéiert een se just aus der Foto.
D'Logik ass déiselwecht. An d'Botschaft och.
Mir haten et jo gesot. Dir hutt gelaacht.
Mir och – mee aus anere Grënn.
Och interessant:
GESTËPPELS / PIQUES · 17. April 2026



Kommentar schreiben