· 

De Superluc

De Superheld ouni Superkraaft

De neie Luc (CSV) huet sech e Freideg, 21. November 2025, op senger Pressekonferenz, bei där hien de Bilan iwwer zwee Joer  CSV-DP-Regierung gezunn huet, ganz zefridde gewisen. Zefridde mat sech selwer, natierlech. D'Pressekonferenz war kee Regierungsbericht, mee eng One-Man-Show, bei där de neie Luc sech permanent selwer op d'Schëller geklappt an sech als Retter vun der Natioun duergestallt huet.

Satirësch Fotomontage vum Luc Frieden als Superheld ouni Superkraaft, mat Selbstlob an engem Hutt-Trick, fir d’Pressekonferenz ze karikéieren.
▲ De Superluc schéckt de Superjhemp an d'Pensioun. Hien ass lo selwer den Held vun der Natioun.

"Déi éischt zwee Joer ware ganz gutt", gëtt de Premier am Wort zitéiert. Gutt fir ween? Fir d’Finanzwelt? Kloer, schliesslech hu net manner wéi fënnef Rating-Agencen Lëtzebuerg de berüümt-berüchtegten a begierten Tripple-A (AAA) bescheinegt.

Fir déi schaffend Leit an d'Pensionären, déi den 28. Juni zu 25.000 mat de Gewerkschafte géint dem Luc Frieden seng Politik a seng konsequent  Weigerung, e Sozialdialog ze féieren, demonstréiert hunn, an domat dee gréisste Masseprotest an de leschte Jorzéngten ausgeléist hunn, waren déi zwee lescht Jore manner gutt.

Ma fir de Luc ass dat Schnéi vu gëschter. Hie steet léiwer am Rampeliicht vu senger eegener Inszenéierung. Dräi Deeg no der grousser Manif huet de Premier ugekënnegt, datt hien 99,9 Prozent Zoustëmmung fir seng Politik an der CSV hätt. Onnéideg also, op der Pressekonferenz nees op déi massiv Onzefriddenheet un der sozialer Front zréckzekommen, well "déi éischt zwee Joer ware ganz gutt."

99,9 % vs 47% Zoustëmmung

Si waren esou gutt, datt dem neie Luc seng erfonnten Zoustëmmung vu 99,9 Prozent am Politmonitor vum Juni 2025 op 55 Prozent agebrach ass. Säi Sympathiewäert fällt souguer op 47 Prozent, an ass esou séier agebrach wéi bei engem Superheld mat eidelem Akku. D’Leit bewäerten dem neie Luc seng Politik deemno net mat engem Tripple-A. Am Gesamtranking rutscht hien op déi aachte Plaz erof. A wéi wann et domat net géif duergoen, kritt de neie Luc an der Ëmfro Sonndesfro vum Oktober nach eng drop. Seng Partei, d'CSV, géif 4 Mandater verléieren a kéim nach just op 17 vu 60 Sëtz – wäit ewech vun der illusorescher 99,9-Prozent Zoustëmung, déi de neie Luc sech selwer aried.

Ma wéi et sech fir e richtegen Superheld gehéiert, gëtt sech eng Kéier gerëselt an da gëtt weidergemaach, wéi wann näischt geschitt wier. D’Vollék soll vergiessen, datt den Held schon um Buedem läit.

Hien hätt d'Kafkraaft gestäerkt an d'Energiepräisser stabiliséiert, huet en op senger Pressekonferenz schwadronéiert. Dobei weisen d'Zuele vun Eurostat eppes ganz aneschters aus. Néierens soss an der EU sinn d'Liewenshaltungskäschten esou héich wéi zu Lëtzebuerg. Se leien 51 % iwwer dem EU-Duerchschnëtt! E Rekord, mat deem Lëtzebuerg eng Goldmedail verdéngt hätt. D’Kafkraaft gouf virun allem do gestäerkt, wou se ni a Gefor war.

An obwuel de Premier schonn a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Mee 2025 d'Logemenskris fir eriwwer erkläert huet, huet hien elo 40 Projeten annoncéiert fir d'Wunnengsnout ze bekämpfen. Datt dëst net vu Muttwëll ass, huet och d'Berodungsfirma Deloitte an hirem Joresbericht vum August 2025 festgehal, aus deem ervirgeet, datt Lëtzebuerg mat Ofstand déi deierst Wunnpräisser aus ganz Europa huet. Kee Wonner, wann an de neigebaute Wunn-Résidencen, déi wéi Champignonen aus dem Buedem geschoss sinn, haaptsächlech Bréifkëschtefirme "wunnen", da bleift net méi vill iwwreg fir richtegt Wunnen. A wann d'Grompere rar si, sinn se deier, heescht et am Volleksmond.

Aarmutsbekämpfung à la Frieden: 50 Cent den Dag méi

D'selwecht verhält et sech mat der Bekämpfung vun der Aarmut, déi sech laut dem Frieden senger Ried zum État de la nation vum Mee 2025 quasi a Loft opgeléist hätt. Dass et mat enger Erhéijung vun der Allocation de vie chère vun 10 Prozent net duergeet, liicht jidderengem an, ausser dem neie Luc. D’Aarmutsquote klëmmt nämlech ongebremst weider. Eng Upassung vun der Allocation de vie chère vu 1.652 op 1.817 Euro maache grad emol 165 Euro aus – d’Joer, wuelverstanen. Pro Mount kann sech en Aarmen deemno iwwer 13€, oder ronn 50 Cent den Dag méi freeën. Als grousse Fortschrëtt gesäit de neie Luc d‘Automatiséierung vun der "allocation de vie chère". Automatiséierung bedeit: D'Aarmut leeft elo vum selwen. Merci Superluc.

Entgéint deem, wat de STATEC eis gleewen deet, läit d’Aarmutquot zu Lëtzebuerg net bei 18%, mee bei 31%, wéi de franséische Statistikinstitut DREES berechent huet. Ma domat net genuch: Um Weltkannerdag, den 20. November 2025, huet d’UNICEF matgedeelt, datt zu Lëtzebuerg all véiert Kand an Aarmut lieft. Scho virdrun huet d’UNO-Mënscherechtskommissioun Lëtzebuerg wéinst sengem geplangte Gesetz iwwert d’Heescheverbuet veruurtdeelt. Lëtzebuerg géif eng Politik bedreiwen, mat där déi Äermst vun den Aarmen nach méi marginaliséiert ginn a géif domat fundamental Mënscherechter verletzten. Amplaz d’Aarmut ze bekämpfen, ginn am Tripple-A-Land léiwer déi Aarm bekämpft, wéi d’Politik vum Policeminister a Law-And-Order-Man Léon Gloden ëmmer nees op en Neits beweist. Do hëllefen och Aussoen wéi déi vum Finanzminister Gilles Roth, deen am August 2025 de legendäre Saz "Aarmut ass fir mech inakzeptabel" vu sech ginn huet, näischt.

Et ass schonn erstaunlech, dass eng Regierung, an där 6 vu 15 Minister*innen en ofgeschlossenen Droit-Studium hunn, et net fäerdeg bréngt, Gesetzer op den Instanzewee ze ginn, déi am Aklang mat de Mënscherechter sinn. Ma et leeft jo alles beschtens – zumindest an der Parallelwelt vum Staatsminister. Eng Parallelwelt, an där d’CSV ëmmer gewënnt an d’Realitéit ëmmer ignoréiert gëtt.

De Superjhemp ass an der Pensioun - Remplaçant ass de Superluc

Bei der Aarmutsbekämpfung ass et déi éischt zwee Joer sou gutt virugaangen, datt de neie Luc lo huerteg en Aarmutsplang aus dem Hutt zaubere muss, deen hie nach viru Chrëschtdag virstelle wëllt. Zum Gléck kann hien d‘Kanéngchen, dat en aus dem Hutt zaubert, direkt nees verschwanne loossen.

Déi éischt zwee Joer waren esou supergutt, datt de Superjhemp an d’Pensioun geschéckt gouf an de neie Luc sech selwer op den Troun vum Superman gesat huet, ganz ouni Casting, ouni Applaus, just andeems hien sech zwee Joer laang selwer op d'Schëller geklappt huet.


Och interessant:



Kommentar schreiben

Kommentare: 0