De neie Luc (CSV) huet sech e Freideg, 21. November 2025, op senger Pressekonferenz, bei där hien de Bilan iwwer zwee Joer CSV-DP-Regierung gezunn huet, ganz zefridde gewisen. Zefridde mat sech selwer, natierlech. D'Pressekonferenz war kee Regierungsbericht, mee eng One-Man-Show, bei där de neie Luc sech permanent selwer op d'Schëller geklappt an sech als Retter vun der Natioun duergestallt huet.
Wärend déi eng nach an der Vakanz an déi anerer scho mat de Gedanke bei der Schueberfouer sinn, ass den Innenminister Léon Gloden (CSV) scho voll am Asaz a raumt op. Keen Dreck oder illegal getippe Bauschutt – nee, Mënschen. Strummerten. D’Land feiert, de Minister raumt Mënschen.