2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.
De neie Luc (CSV) huet sech e Freideg, 21. November 2025, op senger Pressekonferenz, bei där hien de Bilan iwwer zwee Joer CSV-DP-Regierung gezunn huet, ganz zefridde gewisen. Zefridde mat sech selwer, natierlech. D'Pressekonferenz war kee Regierungsbericht, mee eng One-Man-Show, bei där de neie Luc sech permanent selwer op d'Schëller geklappt an sech als Retter vun der Natioun duergestallt huet.
Wärend de neie Luc a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Mee d’Logementskris feierlech fir beendegt erkläert huet, an ënnerstrach huet, d’Aarmut wär amgang, sech a Loft opzeléisen, schwätzen d’Zuelen eng ganz aner Sprooch.
De Finanzminister Gilles Roth (CSV) huet am Summerinterview mam Télécran e Saz gesot, deen esou glat ass wéi säin Déngschtwon: "Aarmut ass fir mech inakzeptabel." Bravo, Gilles. D’Welt huet op dëse Moment gewaart. D’Armutsbekämpfung ass geléist – mat engem Saz.
Um Neijoschempfang vun der CSV huet de neie #Luc ganz houfreg d'Bilanz iwwert ee Joer CSV-Regierung gezunn a behaapt: "D'CSV huet d'Liewe vun de Leit scho besser gemaach." Dat stëmmt!
Den neie #Luc Frieden huet zwar versprach, d’Aarmutsbekämpfung zu enger Prioritéit ze maachen, mee bis elo fehlt et souwuel un engem Konzept wéi och u konkrete Moossnamen. D'Aarmut zu Lëtzebuerg huet eng Dimensioun erreecht, datt se net méi kann ënnert den Teppech gekiert ginn.
"Mir loosse keen um Rand vun eiser Gesellschaft stoen an déi, déi do stinn, déi gi mer sichen, fir se erëm an d'Gesellschaft eranzebréngen", huet dee neie #Luc tëschent zwee Schnittercher, mam Humpen an der Hand, op der CSV-Summerparty zu Hesper gesot. Dëse Statement ass dem chrëschtlechen Innenminister Léon Gloden batter eropgestouss.