· 

#Satir | Luc, de Superheld

"D'CSV huet d'Liewe vun de Leit scho besser gemaach"

Um Neijoschempfang vun der CSV, den 9. Januar 2025, huet de neie #Luc ganz houfreg d'Bilanz iwwert ee Joer CSV-Regierung gezunn a behaapt: "D'CSV huet d'Liewe vun de Leit scho besser gemaach." Dat stëmmt!

Als wichtegst Noricht vum 9. Januar zielt definitiv den Neijoschpatt vun der CSV zu Ruedt-Syr,  iwwert deen RTL bericht huet. A senger Ried huet de neie #Luc folgende legendäre Saz gesot: "D'CSV huet d'Liewe vun de Leit scho besser gemaach." Mir vu Luxembourg Jungle zweifelen zu kengem Moment um Premier senge Wierder a kënnen deem nëmme bäipflichten.

Scho moies bei der éischter Taass Kaffi, sollte mir dem #Luc a senger CSV Merci soen fir dat gutt Liewen hei zu Lëtzebuerg. De Kaffi gëtt zwar ëmmer méi deier, mee e schmaacht a gehéiert zum gudde Liewen.

Merci, dass mer eis et elo leeschte kënnen, eis Haiser ze hëtzen an eis Kommissiounen am Supermarché ze bezuelen ouni Anscht ze hunn, datt eis Bancomatskaart alt nees eng Kéier streikt.

Merci fir déi enorm Efforten am Logement. Bezuelbare Wunnraum war ni méi einfach ze kréien wéi ënner dem #Luc.

Merci och fir deen engagéierte Kampf géint d'Aarmut. Wann de #Luc dat net vun Ufank un zu enger Prioritéit gemaach hätt, géife mir haut nach ëmmer iwwert d'Aarmut schwätzen. Zënter de #Luc um Rudder ass, ass d'Aarmut keen Thema méi. Si ass einfach fort, esou wéi d'Heescherten.

Merci, #Luc, fir d'Begeeschterung an der Rentendebatt. Endlech huet e Politiker erkannt, datt d'Privatiséierung vum Pensiounssystem d'Léisung ass. Am räichste Land vun der Welt ka jidderee sech ouni weideres seng eege privat Altersversuergung leeschten. Mir vertrauen do voll dem #Luc, dee schliisslech aus dem Finanzsecteur kënnt a weess, vu wat e schwätzt.

An e spezielle Merci nach, #Luc, fir d'Aféierung vun der neier "Gléckssteier" - well wie brauch scho Sue fir ze (iwwer)liewen, wann wann en dach esou glécklech hei ass? Et geet eis dach schonn alleguer besser, oder?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0