· 

99,9% Zoustëmmung – 25.000 Géigestëmmen

D’Rechemaschinn als politesche Kompass

25.000 Mënsche protestéieren, wärend de neie Luc 99,9 % Zoustëmmung annoncéiert. Dës Satir rechent no - a rechent of. Si weist, wéi bei der CSV d'Politik zu enger Rechenaufgab gëtt, bei där d'Vollek net méi matkënnt.

▲ Ee Bild seet méi aus wéi 99,9 % Wierder.
▲ Ee Bild seet méi aus wéi 99,9 % Wierder.

Haut de Moien, den 1. Juli 2025, huet de neie Luc der lëtzebuerger Press an typescher CEO-Rhetorik matgedeelt: "An 99,9% vun den Theme si mir eis an der CSV eens."

Nëmmen d'Fro vun der Sonndesaarbecht misst nach gekläert ginn. Dat ass, wéi wann d'Menüskaart gedréckt gi wier, awer den Haaptplat vergiess gi wier.

Dës Ausso kënnt just dräi Deeg no der gréisster Gwerkschaftsdemonstratioun zënter Joerzéngten – mat iwwer 25.000 Leit, déi haart an däitlech géint d'Politik vum Luc Frieden protestéiert hunn. E Realitéitsbrëll mat grousser Flexibilitéit an de Glieser.

Widderstand zwecklos - debatt wëllkomm

Folgende Kalkül gëtt vun elo vun der Regierung gemaach:

🟢 25.000 Demonstranten → demokratesch Hannergrondgeräischer

🟢 99,9% intern Zoustëmmung → Mandat, weiderzefueren, per Applaus am CSV-Sall

🟢 Kritik u Reformen, ëmgerechent mam internen Harmonieindex vun der Partei, bedeit: alles ass an der Rei.

D’Muechtformel vum Luc Frieden: Wat net an d'CSV-Versioun passt, gëtt einfach erausgerechnet.

Pensiounsreform? Fënnef Joer méi laang schaffen, fir um Enn manner ze kréien.

Sonndesaarbecht? E Kaddo fir d'Patronat, vläicht geschwënn och mat de Feierdeeg gratis derbäi.

D'Recht, ze demonstréieren? Muss reforméiert ginn – genee wéi de Sozialstaat.

D'Tatsaach, datt d'Verallgemengerung vun der Sonndesaarbecht déi eenzeg oppe Fro bei der CSV ass, ass entweder en Oflenkungsmanöver – oder en éierlech gemengten Euphemismus fir: "Widerstand zwecklos – Debatt wëllkomm."

Luc & Fritz: Zesummestoen fir sech géint d’Vollek ze wieren

Direkt no sengem Statement ass de neie Luc op Berlin gereest, fir sech mam däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz ze treffen. Deen ee regéiert gär als CEO, deen aneren och. Genee wéi de neie Luc, huet och de Fritz bei der leschter Ëmfo 10 Prozentpunkte verluer, an ass op déi mickreg Zoustëmmungsquote vu grad emol 25% gefall.

Vläicht gëtt et en Austausch iwwer déi sozial Situatioun – oder just en Verglach, wien méi déif gefall ass.

Vrun zwou Wochen hat dWort geschriwwen: "Frieden stürzt in der Wählergunst ab."

Laut dem Politbarometer vun ILRES ass seng Zoustëmmungsquote ëm 10 Prozentpunkten, op nach just 55%, a seng Sympathiewäerter souguer op 47% agebrach. Am Ranking vun de populäerste Politiker geet et nach just duer fir déi aachte Plaz – hannert de Vertrieder vun anere Parteien. 

Wann eng Partei sech zu 99,9% eens ass, während 78% vun de Wieler de Premier am léifsten dohi wënsche, wou de Peffer wiisst, dann ass dat keng Stabilitéit. Dat ass statistesche Solipsismus.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0