Den Aarbechtsminister Georges Mischo schwätzt nach laang net mat jidderengem um Telefon - just mam Premierminister. Déi aner kënnen him de Bockel erofrutschen, a landen op der Mailbox.
E puer gutt Frënn, e puer spontan Decisiounen an eng gutt Dosis Intransparenz. Voilà: dat sinn d'Zutate fir déi perfekt Vetternwirtschaft! Den CSV-Sportsminister Georges Mischo weist dem Land, wéi et an der Praxis funktionéiert - um Beispill vun der Neibesetzung vum Verwaltungsrot vun der Coque.
D'Lëtzebuerger Demokratie funktionéiert net duerch Walen, mee duerch Ierfschaft – zumindest bei der CSV. Déi politesch Carrière fänkt bei der Daf un, wärend de Monni, d'Tatta oder de Schwoer dem Nowuess d'Plaz an der Chamber waarm halen. Bei der CSV zielt d'Devis: 1X gewielt, 3X weiderverierft – Mandatekarussell am Familljekrees.
25.000 Mënsche protestéieren, wärend de neie Luc 99,9 % Zoustëmmung annoncéiert. Dës Satir rechent no - a rechent of. Si weist, wéi bei der CSV d'Politik zu enger Rechenaufgab gëtt, bei där d'Vollek net méi matkënnt.
Zu Lëtzebuerg gët d’Natur net geschützt, erhalen oder geschount, si gëtt och net gefleegt oder respektéiert – neen! Si gëtt gestäerkt! Si brauch virun allem mol staark Nerven fir dat alles auszehalen, wat eis Regierung mat hir wëlles huet. "Luxembourg Jungle" huet sech mam Ëmweltminister Serge Wilmes ënnerhalen.
Virun de Wahlen war deem neie #Luc kee Blitzlicht a kee Mikro ze vill. Soubal hien awer vum Grand-Duc als Formateur genannt gouf, war hie schonn nees een aneren. Dee ganz neie #Luc wollt op eemol vun Informatiounen an Transparenz näischt méi wëssen.