· 

Pirouetten am Palais

Wéi d’CSV aus enger Demissioun eng Zirkusnummer mécht

Virun 8 Deeg huet de neie Luc nach an aller Rou erkläert:

"Et ass keng Regierungsëmbildung virgesinn."

Haut, just eng Woch méi spéit, steet de selwechte Luc virun der Press a seet: "Ech hunn de Grand-Duc haut iwwer eng Regierungsëmbildung informéiert."

An der CSV heescht dat net Dementi, mee eng politesch Pirouette.

CSV-Kabarett: vum Dementi bis zur Demissioun an 8 Deeg.
▲ CSV-Kabarett: vum Dementi bis zur Demissioun an 8 Deeg.

De Georges Mischo war Aarbechtsminister a Sportsminister. Am Sozialdialog huet hien sech net duerch Flexibilitéit, mee éischter duerch Verkrampfung ausgezeechent. D’Gewerkschaften hunn d'Muskele spille gelooss, a waren am Endeffekt méi staark wéi de Minister. Zum Schluss huet de Mischo nach e Sportsmusée verginn, ouni Ausschreiwung. Eise Kommentar: Keng Medaille fir Transparenz.

Offiziell bleift de Mischo nach bis Enn der Woch am Amt. Inoffiziell ass dat näischt aneschters wéi eng kommissaresch Verlängerung, wéi eng Verlängerung am Fussball.

 

D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen iwwerhëlt de Sport. Si fiert Vëllo, geet lafen a wanderen, ass also méi aktiv wéi de Sportsminister selwer. Wéi si héieren huet, dass si de Sportsmusée geierft huet, sot si: "Merde! Ech duecht, et géif ëm Vëllospisten goen, net ëm Muséeën." Sou gëtt aus der Vëllospist op eemol een Hürdelaf.

 

Dee Mann, dee sech mat de Gewerkschaften an d’Hoer krut, gëtt ersat duerch ee Gewerkschaftssekretär. De Marc Spautz, CSV-Fraktiounschef a Gemittsmënsch, kennt d’Sozialpartner, well hie selwer ee vun hinne war. Elo muss de Marc nach just Minister spillen. Seng Konditioun un de neie Luc war: "Alles, mee net de Sportsministère." Mat Sport huet de Marc nämlech näischt um Hutt, ausser et geet ëm Facebook-Fanger-Gymnastik.

Zwee Zitater, zwou Welten

"Et ass net virgesinn." 

"Ech komme grad aus dem Palais.“ 

Esou hat de neie Luc d'Situatioun ëm dem Georges Mischo seng Demissioun den 29. November an den 8. Dezember kommentéiert.

An der CSV ass d’Zukunft ebe méi séier wéi d’Géigewaart.

A wat léiere mir doraus?

De Sportsmusée ass wéi e Wanderpokal: haut beim Mischo, muer beim Hansen, an iwwermuer vläicht am Keller vun der CSV-Fraktioun, nieft de vergiessene Walverspriechen.

De Sozialdialog ass kee Marathon, mee e Boxkampf: de Mischo huet sech mat de Gewerkschaften ugeluecht a gouf k.o. geschloen. Elo klëmmt de Marc Spautz mat der Gewerkschafts-Lizenzkaart an d'Arena.

An de neie Luc? Fir hie sinn d’Medien an d’Gewerkschaften déi béis. Vum Schmou beim geplangte Sportsmusée wosst hien natierlech näischt. Säi Parteikolleeg, de Finanzminister Gilles Roth, awer komescherweis schonn. Et war nämlech de Finanzminister, deem d'Irregularitéiten opgefall sinn. Als CEO vu Lëtzebuerg war dem neie Luc seng Erklärung méi wéi schappeg. Hien huet d’Demissioun vum Mischo net erkläert mee se just schéi verpaakt.

An esou gëtt mat dëser Zirkusnummer nees vun den eigentleche Problemer, déi d’Leit beschäftegen, ofgelenkt: Logement, Präisdeierecht, Aarmut, Rüstungsausgaben, ëffentlechen Transport…


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0