Eng Satire aus dem Luxembourg Jungle
Jeeër, Bëschbesëtzer, Baueren a Naturschützer hunn e gemeinsame Feind identifizéiert. En huet sech an de leschte Joren hannerhälteg am Lëtzebuerger Bësch breetgemaach a vergräift sech u friemem Eegentum. Dat geet der neiforméierter Allianz ze wäit. Si hunn sech zesummegedoen, hunn de Réi an den Hirschen de Krich erkläert, a wëlle mat alle Mëttelen hire Bestand deziméieren.
Gäich néng Organisatiounen, dorënner d’Fédération vun de Juegdsyndikater FSCL, d’Naturschutzorganisatiounen Mouvement écologique, Fondatioun Hëllef fir d’Natur an Natur&Ëmwelt, an d’Bësch-Lobbyisten Lëtzebuerger Privatbësch, ProSilva Luxembourg, de Wiltzer Waldverein, Forest Stewardship Council an PEFC Luxembourg a.s.b.l. (Programme for endorsement of forest certification) hunn sech zu enger "Koalition der Willigen" zesummegedoen fir iwwert eng Strategie ze beroden.
Op enger Konferenz de 27. Mäerz 2025 am Feldlager zu Lëntgen hu si d’Feindbild kloer definiéiert. Et gouf net op d’Wëssenschaft zréckgegraff, mee op d’Expertise vum Generol Frank Christian Heute, deen extra aus Däitschland ugereest koum. Haaptberufflech ass de Generol Heute als Landschaftsgäertner täteg, ma hien huet och eng Lizenz fir ze schéissen.
D'Wëssenschaft als Spillverdierwer
Wärend d’Teilnehmer vun der Konferenz op hirem Camp zu Lëntgen mat militärescher Präzisioun doriwwer instruéiert goufen, wéi, wéini a wéi vill d’Réi mussen ofgeschoss ginn, huet sech eng eenzeg Stëmm getraut, d'Krichspropaganda ze stéieren: d'Martine Neuberg, Diplom-Forstwirtin an Directrice vum Service des forêts bei der ANF. "Net d'Réi, mee de Mënsch an de Klimawandel si verantwortlech fir de schlechten Zoustand vum Bësch". Esou kann een et am brandaktuelle Waldzustandsbericht noliesen.
D’Bëschbesëtzer als Dividendejeeër
Fir vill Bëschbesëtzer ass de Bësch net en Deel vun der Natur, deen eng wesentlech Roll ënnert anerem an eisem biologesche Gläichgewiicht spillt, mee eng Mouk, déi ee bei Bedarf schluechte kann. D’Zertifizéierungsorganisatiounen spadéieren duerch de Bësch, fir ze kucken, ob d’Beem sech un d’Reglementer halen. Si kontrolléieren de Bësch, an hu gläichzäiteg oft selwer e Stéck dovun. Si kucken net, wéi een de Bësch gestalte kann, datt e seng Roll fir d’Aartevillfalt erfëlle kann, mee si iwwerleeën ausschliesslech, wéi een den Ertrag maximéiere kann. All Aascht gëtt bewäert wéi eng Aktie. De Schulterschluss mam Juegdsyndikat kann een esou interpretéieren: Wat méi Routwëld ofgeschoss gëtt, wat méi Suen op de Bankkontoe vun de Bëschbesëtzer, zu deenen och d’Gemengen an de Staat zielen, landen.
D’Réi als Staatsfeind
D’Réi sinn elo offiziell als Saboteuren klasséiert. Si knabberen un den Äscht – a stellen déi ganz national Holzstrategie a Fro. Lëtzebuerg beweegt sech domat an déi selwecht Richtung wéi Frankräich, wou den ONF (Office national des Forêts) d'Réi an d'Hirschen als "nuisibles", als Schädlingen deklaréiere wëllt. Dës zoologesch Degradatioun huet als Konsequenz, datt d’Réi an d'Hirschen hire Status als Bestanddeel vun der Natur verléieren an nach just en Ofschosszil sinn.
Mobiliséierung
An da koum de Moment, wou d’Konferenz hiert richtegt Gesiicht gewisen huet. D’PowerPoint-Presentatioun vum Generol Heute huet d’Diskussioun op militäresch Temperatur bruecht. Fett an zentral stoung et do:
Zwee Ausrufezeichen, wéi en duebele Schoss aus der Flënt. D’Publikum ass net zesummegefuer, mee huet zoustëmmend mam Kapp gewénkt. An der Kommandozentral zu Lëntgen gouf aus enger Diskussioun eng Mobiliséierung. D’Wëssenschaft gëtt net méi gebraucht. Si gouf aus dem Camp evakuéiert, se hat keng Lizenz fir ze schéissen. D’Zil war definéiert, den Ennemi identifizéiert an d’Kugele poléiert.
Krichsstrategie
Nodeems de Generol Heute seng Devis mat zwee Ausrufezeichen un de Mann – a sécher och un e puer Frae - bruecht huet, goung et un d’Detailer vun der Operatioun, wéi bei all gutt organiséierte Feldzuch. D’Réi an d’Hirschen solle mat Uebst a Geméis an d'Fal gelackelt ginn fir se da geziilt auszeschalten.
Op de Felder an de Wise ginn Äppel, Gromperen a Muerte gestreet, net fir d’Déieren ze fidderen, mee fir se op d’Plaz ze kréien, wou d’geluede Flënte schonn op se waarden.
Fir d’Koalition der Willigen ass d’Resultat vun dëser Taktik eng Triumphmeldung. Fir d’Déieren éischter eng Tragédie, wéi dës Fotoe weisen.

An der nächster Phas soll d'Dronentechnologie zum Asaz kommen, fir d’Beweegungsmustere vun den Déieren ze analyséieren.
D’Natur gëtt net méi observéiert, se gëtt gelackelt, gescannt, an da gezielt eliminéiert.
De Bësch schwätzt net
Wann de Bësch schwätze kéint, géif en sech net iwwer d'Réi an d'Hirsche bekloen, déi et zanter 20 Millioune Joren do gëtt, mee iwwer d’Mottoseeën an d‘Baggeren. Hie géif net d’Déieren verdächtegen, mee de Mënsch, deen sech ëmmer méi ausbreet, an de Liewensraum vum Wëld ëmmer méi aschränkt. Hie géif sech och iwwert de Klimawandel beschwéieren, dee mënschegemaach ass an him d’Liewe schwéier mécht. Mee de Bësch schwätzt net – an dofir gëtt d’Wourecht, wéi bei all Krich, ënnert den Teppech gekiert.
Gréng Masken
D’Natur- an Ëmweltschutzorganisatiounen, déi soss mat Broschüren iwwer Biodiversitéit duerch d’Schoule lafen an de Verloscht vun der Aartevillfalt bekloen, dinn elo de militäreschen Tarnkostüm un.
Wärend nach bis viru kuerzem mat Kampagnen wéi "Der lebende Wald" oder mat Filmowender wéi "Wilde Wälder" fir de Bësch als Gesamtökosystem militéiert gouf, stinn d’Naturschutzorganisatiounen elo nieft de Jeeër, de Bëschbesëtzer an de Label-Verdeeler – eng Allianz, déi esou natierlech wierkt wéi Plastiksblummen an engem Naturschutzgebitt.
D’Réi, dat soss als Symbol vum liewege Bësch gegollt huet, ass op eemol e Feindbild, well et d’Profitkalkulatioune vun de Bëschbesëtzer op d’Kopp geheit.
Et stellt sech dann awer eraus, dass eng Rëtsch vun deene grénge Stëmmen selwer Bëschbesëtzer sinn, wat wuel net ouni Auswierkungen op hir ökologesch Objektivitéit bleift.
Wann d’Rechnung opgeet, da wäert een de Bambi geschwënn nëmmen nach am Naturmusée gesinn, oder am Kino.
Och interessant:













Kommentar schreiben