2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.
Jeeër, Bëschbesëtzer, Baueren a Naturschützer hunn e gemeinsame Feind identifizéiert. En huet sech an de leschte Joren hannerhälteg am Lëtzebuerger Bësch breetgemaach a vergräift sech u friemem Eegentum. Dat geet der neiforméierter Allianz ze wäit. Si hunn sech zesummegedoen, hunn de Réi an den Hirschen de Krich erkläert a wëlle mat alle Mëttelen hire Bestand deziméieren.
Lëtzebuerg, d'Land vun de kuerze Weeër – an de kuerze Wisen. Am idylleschen Éislek, wou Mënsch an Natur anscheinend Hand an Hand schaffen, presentéiert sech eng Zeen, déi een als Realsatir vum Feinste bezeechne kann.
Wie bis elo der Meenung war, nëmmen hei zu Lëtzebuerg géif d'Regierung alles ënnerhuelen, fir aus dem Naturschutz eng Prioritéit ze maachen, dee soll mol ee Bléck iwwert den Tellerand werfen. Ee ganz besonnesche Militantismus huet sech déi ecuadorianesch Regierung op de Fändel geschriwwen. Fir de Schutz vun de Galapagosinselen ze garantéieren, gëtt d'Naturreservat an UNESCO-Weltnaturierwen kuerzerhand an eng militäresch Festung ëmgewandelt.
Zu Lëtzebuerg gët d’Natur net geschützt, erhalen oder geschount, si gëtt och net gefleegt oder respektéiert – neen! Si gëtt gestäerkt! Si brauch virun allem mol staark Nerven fir dat alles auszehalen, wat eis Regierung mat hir wëlles huet. "Luxembourg Jungle" huet sech mam Ëmweltminister Serge Wilmes ënnerhalen.
Eng kleng Notiz am Trafic-Info huet mech stutzeg gemaach. Wärend bal zwou Wochen ass d'Strooss tëscht Kautebaach a Wolz gespaart wéinst Beem, déi gefällt ginn ... matzen am Naturschutzgebitt.