Artikel mit dem Tag "Réivernichtung"



Äddi a Merci
Gestëppels / piques · 20. November 2025
Am Joer 2025 huet d’Banque centrale du Luxembourg zwou Mënzen erausginn, déi méi gemeinsam hunn, wéi et op den éischte Bléck schéngt. De Grand-Duc Henri krut seng 250 €-Goldmënz fir säi 25. Trounjubiläum. Kuerz drop huet hien ofgedankt. D’Rei krut hir 5 €-Sammelmënz, kuerz ier et offiziell zum Staatsfeind Nummer 1 erklärt gouf.

Operatioun Réivernichtung
Gestëppels / piques · 02. November 2025
Jeeër, Bëschbesëtzer, Baueren a Naturschützer hunn e gemeinsame Feind identifizéiert. En huet sech an de leschte Joren hannerhälteg am Lëtzebuerger Bësch breetgemaach a vergräift sech u friemem Eegentum. Dat geet der neiforméierter Allianz ze wäit. Si hunn sech zesummegedoen, hunn de Réi an den Hirschen de Krich erkläert a wëlle mat alle Mëttelen hire Bestand deziméieren.