Artikel mit dem Tag "Biodiversitéit"



Operatioun Réivernichtung
Gestëppels / piques · 02. November 2025
Jeeër, Bëschbesëtzer, Baueren a Naturschützer hunn e gemeinsame Feind identifizéiert. En huet sech an de leschte Joren hannerhälteg am Lëtzebuerger Bësch breetgemaach a vergräift sech u friemem Eegentum. Dat geet der neiforméierter Allianz ze wäit. Si hunn sech zesummegedoen, hunn de Réi an den Hirschen de Krich erkläert a wëlle mat alle Mëttelen hire Bestand deziméieren.