1975 war et och waarm. Dat beweist näischt – ausser datt d'Klimaleugner kee bessert Argument fonnt hunn. Eng Satir iwwer déi aktuell Hëtzwell an de Klimawandel.
Jeeër, Bëschbesëtzer, Baueren a Naturschützer hunn e gemeinsame Feind identifizéiert. En huet sech an de leschte Joren hannerhälteg am Lëtzebuerger Bësch breetgemaach a vergräift sech u friemem Eegentum. Dat geet der neiforméierter Allianz ze wäit. Si hunn sech zesummegedoen, hunn de Réi an den Hirschen de Krich erkläert a wëlle mat alle Mëttelen hire Bestand deziméieren.
D’EU wëll d’Bëscher a virun allem d’Tropebëscher retten. Lëtzebuerg wëll awer dovu näischt wëssen. Lëtzebuerg beweist international Verantwortung, andeems et sech strikt géint de Schutz vum Bësch stellt a resolut géint d'EU-Reglement fir d’Erhale vun de Bëscher virgeet. D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) an den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) si sech eens: Schluss mat där topescher Panikmaacherei! Keng Tropen, kee Problem - esou mécht ee Politik!
Aaah! D'Lëtzebuerger Landwirtschaft - vum idyllesche Feld direkt an de Gen-Laboratoire! Firwat sech och mat der Natur erëmschloen, wann een d'Biologie "honnertdausend Mol" austrickse kann?