"D’Famill huet sech versammelt"
Et gi Fotoen, déi wéi eng Erënnerung ausgesinn. An et gi Fotoen, déi wéi eng Warnung wierken. Déi hei gehéiert ouni Zweiwel an déi zweet Kategorie: eng Stëmmung wéi an engem Hollywood‑Thriller, just datt d'Kuliss net huet missten opgeriicht ginn – se war schonn do.

Kee sëtzt hei zoufälleg. Dëst ass net einfach eng Foto, dat ass eng Inszenéierung. D'Kompositioun ass esou präzis, datt een den Androck kritt, de Fotograf hätt net "Smile" gesot, mee "Action".
D'Männer am Smoking kucke, wéi wann se gläich géifen decidéieren, wien haut nach eng "kleng Visit" kritt.
D'Dammen an de Gala‑Roben, absënns d'US-Ambassadrice, hunn déi roueg, souverän Ausstralung vun deene Leit, déi alles wëssen, mee näischt soen. Dëst ass net eng einfach Gesellschaft – et ass eng Sëtzung vum Familljerot.
D’Kuliss mécht de Rescht: rout Lambrequinen, de Spigel, d'Lüsteren – eng Ambiance tëscht Capo di tutti capi mat Lëtzebuerger Diskretioun an engem Sinatra‑Refrain am Hannergrond. "New York, New York", natierlech. Et feelt just nach de Marlon Brando, fir d'Bild komplett ze maachen.
A jidderee laacht – grad genuch, fir sech net verdächteg ze maachen.
D'Regierung nennt dat "Stäerkung vun de bilaterale Bezéiungen".
Al Capone
Och interessant:




Kommentar schreiben