· 

Huet de Luc Frieden Kräid giess?

Wéi Lëtzebuerg dem Trumpismus knapp entgaang ass

Oh wéi gnädeg! De neie Luc huet sech erbaarmt: D'Gewerkschaften däerfen dann awer bei de Verhandlunge vu Kollektivverträg matschwätzen. Wat fir eng politesch Gnod vum schwaarzen Himmel! 

▲ Luc Frieden – tëscht Plüschdelegéierten a richteger Tarifpolitik
▲ Luc Frieden – tëscht Plüschdelegéierten a richteger Tarifpolitik

Et ass also bis op Weideres net erlaabt, Hausgewerkschaften oder aner Schläimschësser mat de Verhandlungen ze beoptragen, wéi RTL gëschter Owend, 9. Juli 2025, gemellt huet.

Hätt de Luc sech anescht entscheed, wär hien an d'Geschicht als "Doudegriewer vum Sozialmodell" (dixit: Patrick Dury um 1. Mee vum LCGB) agaangen.

Weltwäit ginn et just zwee Länner, wou Kollektivverträg net vu Gewerkschaften mussen ausgehandelt an ënnerschriwwe ginn, wéi aus dem Bericht vum Internationale Gewerkschaftsbond ervirgeet. 

An dat sinn:

➤🇺🇸 USA - do verhandelt ee mat ChatGPT an der Kitchenette

➤🇰🇷a Südkorea - do gi fir d'Verhandlunge Comitéen wéi bei enger TV-Casting-Show agesat.

Hätt de neie Luc säi ursprüngleche Plang duerchgeboxt, hätt Lëtzebuerg sech definitiv eng Plaz am VIP-Bereich vum Trumpismus geséchert. Mat Freed hätt och hien dann déi gutt Noricht direkt kéinten a säin Handy tippen an u säin Idol op Mar-a-Lago schécken:

"DADDY, mission accomplished - Luxembourg is now great again!"

A wie weess, vläicht hätt de neie Luc et jo souguer bis an déi digital Bijouskëscht vum Donald Trump, alias Truth Social, gepackt, a seng SMS wär mat engem extra Glitzerstär markéiert ginn?

Ganzer 11 Stonnen hunn d'Gewerkschaftsvertrieder gebraucht fir dem neie Luc de lëtzebuerger Sozialmodell ze erklären an hien dovun z'iwwerzeegen, datt dee Modell sech wärend iwwer engem halwe Jorhonnert bewäert huet - an dat obwuel hie wärend 15 Joer Minister war, deemols nach als ale Luc. Ma och deen ale Luc hat sou seng Problemer mam Sozialdialog. Mat der Briechstaang huet hien e sëllegen Indexmanipulatiounen a Verschlechterungen vum Sozialsystem duerchgesat. An nach haut wierkt dem ale Luc seng Decisioun vun 2012 no, wéi hien decidéiert hat, d'Steiertabell net méi un d'Inflatioun unzepassen oder d'Kannergeld net méi ze indexéieren. Amplaz de Chômage ze bekämpfen, huet den ale Luc deemols léiwer d'Chômeuren an d'RMG/Revis-Empfänger bekämpft. De Pensionäre wollt hien deemols den 13. Mount ewechhuelen, de Rentenajustement huet hien 3 Mol ausgesat a mat vill Freed huet hien 2013 d'Pensiounsreform ënnerstëtzt, mat där de Pensiounsalter schonn eng Kéier eropgesat gouf. Detailer iwwert den deemolegen Austéritéitspak kann een hei noliesen. Luxembourg Jungle hat am Januar 2023 iwwert dem ale Luc seng Verdéngschter bericht, wéi bekannt gouf, datt hien als nationale Spëtzekandidat vun der CSV opgesat gouf.

Mee haut ass hien jo ee ganz aneren, huet en am Walkampf 2023 betount. Hie wär lo dee neie Luc, an net méi ze vergläiche mat deem kalhäerzegen Austeritéitspolitiker vu fréier.

Firwat also déi ganz Opreegung? Et ass jo alles am Botter.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0