Si gi brutschele gelooss bis se mëll sinn
Sozialdialog? Moie Misch! Et gëtt giess wat op den Dësch kënnt! Als Hobbykach, weess de neie Luc, wéi en sech uleet. Schliisslech war RTL scho bei him doheem fir nozekucken an ze filme, wéi hie kacht. Seng Spezialitéit? Gulasch, dee gutt laang brutschele gelooss gëtt, bis e mëll ass a quasi zerfällt.

Den 9. Juli huet de Luc dem Land gewise wéi Slow Cooking geet. Gewerkschafte gi weechgekacht à la sauce du Chef.
Um Frittefest vun der CSV, den 10. Juli, huet hien sech zelebréiert an d'Kiischt op de Kuch gesat: "Ech hu versicht, si esou laang am Sall ze halen, datt si géinge Jo soen zu alles. Dat ass mir net ganz gelongen, mee si si mir op d'mannst do bliwwen. An dat mengen ech ass schonn e groussen Erfolleg, mee si hu ganz schlecht ausgesinn. Dat heescht, déi sinn och net gewinnt, Iwwerstonnen ze maachen." Esou kann een et op der Webpage vum Radio 100,7 noliesen.
Iwwersetzung: Wien bleift, verléiert. Jiddereen, deen blass ausgesäit, gëtt ëffentlech veruerteelt. A ween net averstane ass, muss Iwerstonne maachen, wann en nach dozou fäheg ass.
Dem Luc säi "Sorry, et war net esou gemengt" ass éischter wéi eng extra Portioun 'moutarde après dîner' ze betruechten, wéi eng éierlech gemengten Entschëllegung.
Béis Zonge behaapten, hien hätt just bei d'Gewerkschaftspräsidenten ugeruff fir seng Aussoen ze bedaueren, well de Shitstorm op de soziale Medien eng Dimensioun ugeholl hätt, datt et souguer dem neie Luc weech an de Knéie ginn wäer. Fir de Fridolin war et wéi en Déjà-vu vun der Massendemonstratioun vum 28. Juni mat iwwer 25.000 rosene Bierger, déi géint hien a seng kaalhäerzeg Politik protestéiert hunn.
Den neie Luc ass eben net grad deen talentéierste Kommunikatiounskënschtler. An anscheinend och net dee beschten Hobbykach, well hie kacht ëmmer nach no deene selwechten, ale Rezepter: Deckel drop, Kachplack un, Hëtzt eropsetzen – um Enn seet d'Dëppe "Jo". Ganz nom Motto: "Wat de Luc kacht, gëtt giess! Oder dir loosst et stoen."
Kommentar schreiben
Gérard Faber (Freitag, 11 Juli 2025 12:03)
28ten Mee? Eischter 28ten Juni.