· 

"Mir hätte weider verhandelt"

D'LSAP tëscht Hoerfaarf, Léierprozess an eidele Floskelen

D'Taina Bofferding, Fraktiounscheffin vun der LSAP, sëtzt am RTL-Studio, d'Kamera leeft, de Mikro ass un – an de Message? Deen ass ongeféier sou konkret wéi e Walverspriechen no de Walen. D'Regierung huet "de Sozialmodell mat Féiss getrëppel", seet si. D'Taina Bofferding schéngt allerdéngs vergiess ze hunn, datt d'LSAP selwer ënner der Juncker-Regierung mat der Eleganz vun engem Elefant am Parzeläinsbuttek gehandelt huet.

Am Joer 2012 goufen d'Protester géint d'Pensiounspläng vum MDB (Mars Di Bartolomeo) genee sou ignoréiert, wéi haut vum neie Luc. Deemools war d'LSAP an der Regierung – haut weist se sech skandaliséiert, sou wéi wann se ni beim Sozialofbau matgemaach hätt. Duebelmoral? Oder selektive Verhalt.

Bei der Madame Bofferding ännert sech net nëmmen hir politesch Funktioun – och hieren Outfit passt sech dem dramatesche Rhythmus un. Mol ass si Gewerkschafterin mat engem schaarfe Bléck, mol Ex-Ministerin. Lo iwwerhëlt si d'Roll vun der Oppositiounsleaderin, an dat mat enger gewëssener Roserei an den Aen. D'Hoerfaarf? Sekundär. Wat entscheedend ass, ass d'Talent, d'Roserei als Deel vum Styling ze maachen.

Gewerkschafterin am Haute-Couture-Stil

Virun der leschter Pensiounsreform vun 2012 huet d'Taina Bofferding e puer Méint beim OGBL "geschafft" - en Optrëtt, deen sou kuerz war, datt ë bal iwwersi gi kéint, wann do net déi berühmt-berüchtegt Vitrine wär, an déi en ëmmer nees gestalt gëtt. Well jiddereen, deen eng Kéier de Stallgeroch vun der Gewerkschaft hat, gëtt en net méi lass an däerf sech zu Lëtzebuerg op Liewenszäit als volléksno bezeechnen. Dat ass zumindest d'Taktik vun der LSAP, déi sech an Interviewen gär als déi lescht Bastioun vum soziale Fridden duerstellt - a vergësst, datt si selwer an de leschte Jorzéngte kräfteg matgehollef huet beim Sozialofbau an 2012 eng Pensiounsreform duerchgeboxt huet, bei där d'Leit just nach de Choix haten, entweder 3 Joer méi laang schaffen ze goen oder 13 Prozent manner Pensioun ze kréien.

Reformiddien an der Light-Versioun

Am RTL-Interview gëtt d'Regierung kritiséiert - leidenschaftlech, haart a mat Iwwerzeegung. Ma wat feelt, si Virschléi. Konkret Moossnamen. Zuelen. Modeller. Amplaz komme Säz wéi:

"Mir hätte weider verhandelt."

Iwwer wat? Mat wiem? Wéi?

„Dat kann ech net soen, well mir et selwer net wëssen.“ – zumindest ass dat déi ironesch Conclusioun, déi een aus dem Interview zéie kann.

D'LSAP huet iwwregens tatsächlech Positioun zur Pensiounsreform geholl – a genau fënnef Zeilen. Kuerz a knapp, sou wéi et sech fir eng Absichtserklärung gehéiert. D'Virschléi héieren sech un wéi eng politesch Akaafslëscht:

  • De Staat soll bezuelen.
  • Déi Räich solle méi bezuelen.
  • Alleguer sollen se méi bezuelen.
  • A wann dat net duergeet: nach méi bezuelen.
  • Awer wannechgelift sozial gestaffelt – dat kléngt besser.
▲ LSAP-Mitgliederversammlung de 16. Juni 2025 am Gewerkschaftscasino zu Bouneweeg. "Mir sinn d'LSAP" - fir dass och keen op d'Iddi kënnt, e géif bei der CSV, der DP oder deene Grénge sëtzen. Foto: LSAP-Homepage.
▲ LSAP-Mitgliederversammlung de 16. Juni 2025 am Gewerkschaftscasino zu Bouneweeg. "Mir sinn d'LSAP" - fir dass och keen op d'Iddi kënnt, e géif bei der CSV, der DP oder deene Grénge sëtzen. Foto: LSAP-Homepage.

Voilà. Dat ass schonn alles. Kee Wuert iwwer strukturell Froen, Generatiounegerechtegkeet oder laangfristeg Finanzéierung. Et kéint ee mengen, d'LSAP hätt hir Reformiddien op enger Mitgliederversammlung formuléiert, där hire Motto war: "Mir sinn d'LSAP" – sou datt all Participant och wierklech weess, bei weem e grad am Sall sëtzt. D'Parteiprogrammer vun de grousse Parteien ënnerscheede sech mëttlerweil inhaltlech sou gutt wéi guer net méi, sou datt et ouni Banneren an Hashtags schwéier ze erkennen ass, wee grad schwätzt.

D'LSAP-Mitgliederversammlung vum 16. Juni 2025 war dofir éischter en Treffe fir de Markennumm opzefrëschen an ze stäerken wéi fir d’Léisungen ze fannen. Et gouf diskutéiert, gelauschtert, a mam Kapp gewénkt. An um Enn stoung e Konzept, dee sech wéi e politesche Placebo unhéiert: berouegend, awer ouni Wierkstoff.

D'Konscht vun der Verkleedung

D'Taina Bofferding nennt d'Oppositioun e Léierprozess. Vill "Krodinnen a Kroden" missten sech als éischt "dran erëmfannen". Natierlech – no Joren am Ministère ass den Iwwergank vum Déngschtwon bei d'Debatt mat der Basis net sou einfach. An den Inhalt? Gëtt nogereecht. Vläicht.

An der Oppositioun gëtt sech d'LSAP gäre volleksno. Ma wann een deem Spillche méi genau nokuckt, mierkt een: Déi gréisst Reform betrëfft net de Pensiounsystem, mee éischter d'Manéier wéi d'LSAP sech selwer presentéiert.

D'Partei trëtt als Stëmm vun der sozialer Gerechtegkeet op – mat engem Reformkonzept, dat net méi daacht wéi eng Niwwelkärz: mat vill Opwand ugefaangen, déi dann awer inhaltlech verdämpft a verpufft.

Als Luxembourg-Jungle-Redaktioun soe mir: "Mir hätte weider geschriwwen." Mee méi gëtt et zum RTL-Interview mam Taina Bofferding net ze soen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0