Artikel mit dem Tag "Opportunismus"



"Mir hätte weider verhandelt"
Gestëppels / piques · 06. September 2025
D'Taina Bofferding, Fraktiounscheffin vun der LSAP, sëtzt am RTL-Studio, d'Kamera leeft, de Mikro ass un – an de Message? Deen ass ongeféier sou konkret wéi e Walverspriechen no de Walen. D'Regierung huet "de Sozialmodell mat Féiss getrëppel", seet si. D'Taina Bofferding schéngt allerdéngs vergiess ze hunn, datt d'LSAP selwer ënner der Juncker-Regierung mat der Eleganz vun engem Elefant an engem Parzeläinsbuttek gehandelt huet.

"Aarmut ass fir mech inakzeptabel"
Soziales / social · 26. August 2025
De Finanzminister Gilles Roth (CSV) huet am Summerinterview mam Télécran e Saz gesot, deen esou glat ass wéi säin Déngschtwon: "Aarmut ass fir mech inakzeptabel." Bravo, Gilles. D’Welt huet op dëse Moment gewaart. D’Armutsbekämpfung ass geléist – mat engem Saz.

Mir wëlle bleiwe, wat mir sinn
Gestëppels / piques · 19. Juni 2025
"Vivre ensemble" zu Lëtzebuerg: hei wäscht eng Hand déi aner an een heemelt deem aneren iwwert de Käppchen. Gewerkschaften an d'Monarchie an engem Otemzuch nennen? Kee Problem! Well am Grand-Duché gëtt net tëscht Klassekampf a Kréinungszeremonie gewielt - et bestellt ee béides à la carte.

#Satir | Januskapp
Gestëppels / piques · 07. November 2024
Wéi de réimesche Gott Janus, schéngt och eise #Luc zwee Gesiichter ze hunn: fir d'éischt dem Donald Trump gratuléieren, an en duerno an enger Pressekonferenz zu Lëtzebuerg - wäit ewech vun den USA - beléieren.