D'Taina Bofferding, Fraktiounscheffin vun der LSAP, sëtzt am RTL-Studio, d'Kamera leeft, de Mikro ass un – an de Message? Deen ass ongeféier sou konkret wéi e Walverspriechen no de Walen. D'Regierung huet "de Sozialmodell mat Féiss getrëppel", seet si. D'Taina Bofferding schéngt allerdéngs vergiess ze hunn, datt d'LSAP selwer ënner der Juncker-Regierung mat der Eleganz vun engem Elefant an engem Parzeläinsbuttek gehandelt huet.
De Finanzminister Gilles Roth (CSV) huet am Summerinterview mam Télécran e Saz gesot, deen esou glat ass wéi säin Déngschtwon: "Aarmut ass fir mech inakzeptabel." Bravo, Gilles. D’Welt huet op dëse Moment gewaart. D’Armutsbekämpfung ass geléist – mat engem Saz.
Wat wär d'Politik ouni eng zolidd Portioun Hypokrisie a Süffisanz? Zwee Begrëffer, déi an der Politik Hand an Hand ginn, wéi Ierbessen a Muerten. Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz werft dem US-President Donald Trump an engem rezente Gaaschtbeitrag am "Wort" vir, ze vill CEOen a senger Regierung ze hunn, déi d'USA wéi ee Konzern regéiere géifen. Awer wat ass mam CEO vu Lëtzebuerg?