Artikel mit dem Tag "Pensiounsreform"



Ilres Politmonitor
Gestëppels / piques · 13. Dezember 2025
Ëmfroe vun der Ilres bréngen eigentlech kaum eppes Neits. Si si wéi eng Plack, déi zanter iwwer zwanzeg Joer hänke bleift: ëmmer déi selwecht Melodie, ëmmer dee selwechte Krack um Vinyl, ëmmer déi selwecht Ignoranz. Fir d’ILRES ass dat eng statistesch Stabilitéit, grad wéi hir lescht grouss Erkenntnis, datt 97 % vun de Leit op de Knäppchen drécken, wann se an de Lift klammen.

"Mir hätte weider verhandelt"
Gestëppels / piques · 06. September 2025
D'Taina Bofferding, Fraktiounscheffin vun der LSAP, sëtzt am RTL-Studio, d'Kamera leeft, de Mikro ass un – an de Message? Deen ass ongeféier sou konkret wéi e Walverspriechen no de Walen. D'Regierung huet "de Sozialmodell mat Féiss getrëppel", seet si. D'Taina Bofferding schéngt allerdéngs vergiess ze hunn, datt d'LSAP selwer ënner der Juncker-Regierung mat der Eleganz vun engem Elefant an engem Parzeläinsbuttek gehandelt huet.

D'Rentemauer kritt Rëss
Soziales / social · 03. September 2025
D'Rentemauer kënnt. Scho 35 Joer laang. A mir knalle poulriichtriicht dran – zumindest wann een de Politiker gleeft. Well d'Mënschen ëmmer méi al ginn, wär de System net méi ze finanzéieren, kréie mer agetriichtert. Ma stëmmt dat iwwerhaapt? Gi mer wierklech ëmmer méi al? Elo mellt sech d'Wëssenschaft zu Wuert, an déi seet: Nee.

Déjà-vu bei der CSV
Gestëppels / piques · 29. Juni 2025
Zu Lëtzebuerg, dem Land vun de guttgenierten a gemittleche Bierger, riskéiert de soziale Fridden an d'Schlidderen ze geroden. Den 28. Juni 2025 sinn iwwer 25.000 Leit aus hirem üblech Train-Train ausgebrach a sinn aus Protest duerch d'Stad marschéiert. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB haten zur Demonstratioun opgeruff, an hire Message war sou wéineg ze iwwersinn wéi der CSV hire Logo um Projet iwwert d'Pensiounsreform.

Pensiounsfong
Gestëppels / piques · 11. Juni 2025
Wärend d'Regierung dem Land erkläert, mir bräichten dréngend eng Pensiounsreform (also Verschlechterungen), well d'Reserven ofhuelen, fléissen Honnertemilliounen Euro aus der Rentereservekees an d'Waffenindustrie. Glécklecherweis gëtt ethisch investéiert, erkläert d'Sozialministesch Deprez. Et gëtt kee Geld a Phosphorbommen gestach. Uff! A Streebommen? Vläicht. Mee doriwwer schwätzt een net.