· 

Illusioun Mindestlounerhéijung

Wéi d'Salariat seng eege Lounopbesserung bezilt

Nom Ugrëff vun den USA an Israel op den Iran hunn d'Gewerkschaften an d'Patronat allebéid no enger Tripartite geruff. De Premierminister huet sech wochelaang gewéigert. Dann awer, den 22. Abrëll, huet hien sech virun d'Mikroe gestallt a gesot, "de Moment wier elo gutt" fir eng Tripartite ze maachen, well d'Energiekris Konsequenzen op Lëtzebuerg hätt.

Fotomontage mat dräi Felder: Gewerkschaft (rout) fuerdert 300 € méi Mindestloun, Patronat (grau) seet "Mir gi kee Su!", Regierung (blo) seet "D'Allgemengheet bezilt." Titel: D'Tripartite an 3 Biller.
▲ D'Tripartite an 3 Biller — a kengem dovun hëlt de Patron d'Portmonni eraus.

Natierlech war dat eng reng sachlich Analyse vun der politescher Lag. Mat Ëmfroen hat dat absolut näischt ze dinn. Sou wéi och d‘ILRES-Sonndesfro, wou just 10% vun de Befroten d'Tripartite fir iwwerflësseg halen, keng Roll gespillt huet. 9 vun 10 Leit wollten eng Tripartite — mee dat ass rengen Zufall.

De Premierminister erkläert: "Et geet eis drëm ze kucken, datt mer d'Kafkraaft vun de Leit stäerken […] an datt d'Betriber déi Energie brauchen, datt déi net an d'Struewele kommen." (100komma7, 22. Abrëll) Energiekris also. Kloer.

Aus der Energiekris-Tripartite ass dunn eng Mindestloun-Tripartite ginn. Wéi dat geschitt ass, ass net ganz kloer. Mee et ass jo och egal, well um Enn koum eng Léisung eraus, déi — an dat muss een der Regierung unerkennen — all Parteien iergendwéi zefridden gestallt huet.

300 € gefuerdert. 200 € versprach. Ukomm: 95 €.

D'Gewerkschafte wollten 300 € méi Mindestloun. D'Patronen hunn direkt Raute gewénkt. D'Regierung huet dunn eng kreativ Léisung proposéiert:

"Kee Problem. Mir iwwerhuelen d'Rechnung. Also… d'Allgemengheet iwwerhëlt se. Also… mir."

Eng typesch lëtzebuergesch Tripartite-Léisung: Déi eng froen, déi aner refuséieren, an déi drëtt bezuelen — ouni datt se gefrot goufen.

D'Regierung verkënnegt feierlech: "Mir erhéijen de Mindestloun strukturell ëm 200 €."

Wéi gesäit d'Realitéit aus?

105 € — strukturell, vum Patron bezuelt, pensionswierksam, si schonn am Abrëll a Kraaft getrueden, wéi de Mindestloun ëm 3,8% un d'gesetzlech Entwécklung vun de Realléin ugepasst gouf. Net Deel vun der Tripartite.

95 € — kee Loun. E Steierkredit. Net strukturell, net pensionswierksam, net vum Patron bezuelt, net dauerhaft, an e kënnt an zwou Etappen bis 2027.

D'Regierung mécht also aus 105 € strukturell + 95 € Steierkredit eng "strukturell Erhéijung vun 200 €". E gudde Comptabel géif dat eng Mogelpackung nennen. D'Tageblatt nennt et och esou. Et ass wéi wann op der Verpackung "200 g" steet — 105 g Müsli, 95 g Loft. D'Loft mussen d'Leit nach selwer drablosen.

D'Anna kritt 200 € méi. Bal.

Stelle mer eis d'Anna vir. Hatt schafft am Supermarché, verdéngt de Mindestloun, steet fréi op, ka sech d'Energiepräisser kaum nach leeschten.

D'Regierung seet: "D'Anna kritt 200 € méi, strukturell!"

Wat wierklech geschitt: D'Anna kritt 105 € méi Loun säit Abrëll — déi ware scho virun der Tripartite komm. An da kritt et e Steierkredit, dee mat hirem Loun näischt ze dinn huet, dee net fir hir Pensioun zielt, an dee an Etappe bis Juli 2027 ukënnt.

De neie Luc erkläert, hie wëll "de Leit elo hëllefen, d'Kafkraaft an der Kris stäerken", net eréischt Méint dono.“ Den "elo" dauert bis 2027.

Et ass wéi eng Happy Hour, wou de Barkeeper seet: "Zwee Gedrénks fir de Präis vun engem!" … an du kriss e Gedrénks an e Versprieche fir dat zweet, geliwwert wann et him passt.

Souguer d'Gewerkschaft ass net frou

Wat d'Gewerkschaften dovu halen? D‘Nora Back, Presidentin vun der Gewerkschaftsunioun, sot et selwer am Radio 100komma7 vum 5. Juni 2026:

"Mir si schonn der Meenung, datt et un de Betriber ass, de Leit hir Paien ze bezuelen, net um Staat. A mir sinn och net frou, datt d'UEL do komplette Blockage gemaach huet."

Dee "komplette Blockage" vun der UEL — dem Patronatsverband — huet also funktionéiert. D'Patronen bezuele näischt. De Staat iwwerhëlt alles. An de Staat, dat si mer alleguer. E konfortabelt Arrangement, wann een op der richteger Säit vum Accord steet.

D'Conclusioun (De Patron brauch net matzeliesen, e weess et schonn)

D'Gewerkschaften kréien 1/3 vun deem, wat se gefuerdert hunn — net als Loun, mee als Steierkredit.

D'Patronen kréien genee dat, wat se wollten: keng strukturell Käschtenerhéijung, keen zousätzlechen Centime aus hirer eegener Keess.

D'Regierung gëtt gelueft. Perfekt getimed, fir e Premierminister, deem seng Ëmfroewäert am Keller sinn, an deen hofft, datt e bësse Public Relations d'Stëmmung am Land glätt.

D'Anna kritt kee strukturelle Loun, kee Plus fir seng Pensioun, an e Steierkredit dee kënnt wann e kënnt.

D'Allgemengheet bezilt déi ganz Rechnung – 450 Milliounen.

Dorop ugeschwat, huet de Luc Frieden den 5. Juni um Radio 100komma7 gesot: "De Staat, dat si mir jo alleguerten. A wa mer an enger Kris wëllen zesummestoen, da spillt d'Solidaritéit."

Solidaritéit. Schéint Wuert.

Den Patronatsverband ass "ganz zefridde" mam Accord, schreift RTL. Natierlech ass en dat. Wann een eng Rechnung kritt an en anere bezilt se, da schmaacht all Menü. Och deen, deen ee sech selwer ni géif leeschten.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0