· 

Gutt duerchgerëselt – mee keng Panik

Mat Vollgas an d'Ongewëssheet

Zu Lëtzebuerg ass d’Energiepolitik momentan wéi eng Achterbahn, déi een op der Kiermes spontan ausprobéiert, ouni genee ze wëssen, ob se iwwerhaapt vun der ITM ofgeholl gouf. Den Energieminister Delles berouegt nach den 14. Mäerz: "Mir däerfen net an de Panikmodus verfalen." "Et gëtt kee Versuergungsproblem." "Muer gëtt et nach Benzin op der Tankstell." D’Achterbahn klëmmt gemittlech de Bierg erop, d’Leit kucken an d’Luucht, an alles schéngt stabil.

Fotomontage. Op de lénker Säit den DP-Energieminister Lex Delles mam Zitat vum 14/03/2026: "Et gëtt kee Versuergungsproblem". Op der rietser Säit de Minister Delles den 20/03/2026 mam Zitat "Enkpäss si mëttelfristeg net ausgeschloss."
▲ Den DP-Energieminister Delles berouegt: "Keng Panik."

Mee wéi mir wëssen: Achterbahne sinn onberechenbar — genee wéi d’Aussoe vun der

Regierung.

Den DP-Minister Lex Delles de 14. Mäerz: "Kee Panikmodus."

De Minister Delles den 20. Mäerz: "Mëttelfristeg sinn Enkpäss net ausgeschloss."

Dat ass de Moment, wou d'Achterbunn op eemol no ënnen zitt, an de fräie Fall ufänkt an d’Leit sech fest um Sécherheetsbigel upaken.

An esou geet et weider: Héichten an Déiften bannent Sekonnen. D’Regierung switcht vun "alles am Grëff" op "méiglech Diesel‑Knappheet" esou séier wéi d’Kiermesspill vun 0 op 120 km/h.

D’Bierger a Betriber sëtzen dobäi festgestréckt am Waggon. Kee kann soen: "Ech géif  gären erausklamme, merci." Nee, dat ass onméiglech — d'Politiker hunn d'Bigele fest zougemaach.

An d'Bunn mécht krrr krrr krrr, esou wéi eng al Metallkonstruktioun, déi scho méi laang net méi geschmiert gouf. D'Regierung seet: "Keng Panik." An d'Leit froen sech: "Ass dat nach normal oder geet d'Spill gläich futti?" Et gëtt vill Gejäiz — mee kee steiert et wierklech.

An dat alles op enger Kiermes, déi vu sech aus absurd ass. D'Nopeschlänner verdeelen Hëllefsmesüren wéi Zockerwatt: Spuenien, Éisträich, Italien, Ungarn, Portugal — all hu se schonn national Krisepläng ugeholl an ëmgesat.

Zu Lëtzebuerg gëtt nach diskutéiert, ob d'Diskussioun iwwerhaapt "substantiell" genuch ass, fir eng Diskussioun ze rechtfäerdegen. De neie Luc seet: "Mir handelen, wann d'Hausse substantiell ass." "Substantiell" — e schéint Wuert,

dat wichteg kléngt, mee näischt ausseet, dat vill versprécht an näischt definéiert. Et ass wéi d'Formuléierung vun enger Wiederprognos ouni Angaben vun der Temperatur.

An da kommen déi obligatoresch Durchhalteparolen: "Europa huet schonn aner Krisen iwwerstanen." Jo, mee Europa hat och aner Dieselpräisser.

An esou rattert d'Regierung weider duerch Loopingen, biergop, biergof, am Zickzack hin‑an‑hier. D'Bierger sëtzen hannendran, d'Hänn um Bigel, d’Aen zou an d’Aaschbaken zesummegepëtzt, an hoffen, datt d'Fahrt geschwënn eriwwer ass — oder op d'mannst endlech ee seet, wéi laang et nach biergof geet.

D'Energiepolitik als Achterbahn: vill Gejäiz, gutt gerëselt, an um Enn klëmmt een eraus a seet: "Dat war elo… substantiell."


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0