D’Dynastie am Ëmlaf – mat retouchéierter Realitéit
D’Dynastie wiesselt de Kapp – op de Mënzen, op de Maueren, op de Broschüren.
De Kënschtler huet gemoolt, de Graveure gepräägt, de Fotograf geknipst an d’Mamm kontrolléiert.
A wéi ëmmer: D’Realitéit gouf liicht retouchéiert – fir d’Vollek, fir d’Archiv, fir de Caddy.
Ee kabarettistescht Gespréich tëscht dem Henri an dem Guillaume.
Guillaume:
Papp, ech verstinn et net. D’Zeitungen, de Fernseh, de Radio – esouguer beim Bäcker – iwwerall gëtt vum “Throunwiessel“ geschwat. Ech hat awer gemengt, du giffs ofdanken an an d’Pensioun goen. Gëtt elo just den Troun gewiesselt, an du bleifs drop sëtzen?
Henri:
Gui-Gui, dat nennt een Traditioun. Mir wiesselen net de Sënn, mir wiesselen d’Symboler. De Grand-Duc geet, de Grand-Duc kënnt – mee den Troun bleift.
Dat ass wéi am Theater: den Acteur wiesselt, mee d’Kuliss bleift.
De Saz “Vive de Grand-Duc“ bleift – mir tausche just de Kapp hannendrun.
Guillaume:
Also sinn ech elo just eng nei Dekoratioun um ale Miwwel?
Henri:
Genau. Du bass de frësche Lack. D’Vollek brauch eppes Neies – mee näischt ze vill Neies. Soss kréien se Angscht.
Guillaume:
An ech hat geduecht, ech kéint eppes änneren…
Henri:
Änneren? Mee dat ass net d’Aufgab vum Grand-Duc, Fiston.
Deng Missioun: representéieren, schmunzelen, wénken, an d’Bändchen duerchschneiden – mat Stil.
Guillaume:
Papp, kuck! Ech sinn op engem Sou! Ech fannen, ech gesinn aus wéi den James Bond vu Lëtzebuerg – just mat e bësse méi Kalorien.
Henri:
Dat ass net just e Sou, Guillaume. Dat ass Symbolpolitik. Vun elo u gëtt däi Kapp an all Caddy gestach. Du bass offiziell Deel vun der Konsumkultur.
Guillaume:
Ech hu stonnenlaang beim Blechschléier missten poséieren, konnt mech net beweegen, souz do wéi eng Statue.
Henri:
Mon fils, dat ass kee Blechschléier, mee e Graveur. Aus engem Rohling, c’est-à-dire engem Flan, gëtt eng Mënz gemaach. Du bass elo net méi just de Lieutenant-Représentant – du bass de Flan vum Land.
Guillaume:
Ech wäert jo hoffentlech an de Caddy drapassen. Ma, ech fannen, ech gesinn erstaunlech sportlech aus. Wéi hu se dat gemaach? Photoshop op Metall?
Henri:
Dat nennt een eng Retouche diplomatique, Fiston.
D’Vollek soll mengen, de Grand-Duc kéint spontan e Marathon lafen – oder op d’mannst e Sprint vum Palais bis bei de Kaempff-Kohler oder bei den Owerweis.
Guillaume:
D'Prinzessin Stéphanie seet, ech géif ausgesi wéi wann ech nëmmen Rosporter Mineralwaasser drénken géif fir dass d’Vollek mech bewonnere soll. Ech mengen, ech brauch elo eng offiziell Diätstrategie – fir d’Kokärenz mam Euro.
Henri:
Maach der keng Suergen, mäi Fils. D’Vollek kritiséiert och de gemoolte Portrait vum Schauls. Dorop gesäis de aus wéi eng Wuesfigur aus dem Musée Grévin vu Paräis – ganz korrekt, ganz steril, ganz net du.
Guillaume:
Ech wollt éischter wéi e visionäre Leader ausgesinn. An elo gesinn ech aus wéi e royale Schüler, deen op seng Première diplomatique waart… an op d’Erlaabnis fir ze wénken.
Wéi wénkt een iwwerhaapt richteg als Grand-Duc?
Henri:
Ah, mon fils… c’est tout un art. Du muss léieren ze wénken – ni trop, ni trop peu. Wéi en Autoswischer am Intervall-Modus. D’Hand beweegt sech rhythmesch wéi en diplomatesche Pendel – très discret, très maîtrisé. D’Hand bleift héich an der Luucht, d’Fanger liicht auserneen, wéi wann s de géifs imaginär Kamelle verdeelen – mee nëmme symbolesch. De Kierper bleift roueg, bal onbeweeglech. D’Hand mécht d’Aarbecht, d’Gesiicht bleift diplomatesch - comme il faut.
Guillaume:
A wéi laachen ech als Grand-Duc?
Henri:
Als Monarch laachs de net – du schmunzels just, mais avec gravité.
Net wéi e Clown, mee wéi een, deen d’Symbolpolitik mat engem duusse Schmunzelen dirigéiert.
Deng Lëpsen zitts de liicht no uewen, d’Aen bleiwen neutral.
Wéi wann s de d’Gesetz iwwert d’Steierreform géifs guttheeschen – ouni et ze verstoen.
Wann eng Kamera an der Géigend ass, méchs de däi Mond e bëssen op, sou wéi wann deng Zänn eng Audienz géife ginn.
Op Familljefeieren kann d’Laachen e bësse méi spontan sinn, mee ëmmer kontrolléiert, évidemment.
Guillaume:
A meng Roll als Groussherzog? Wat kënnt op mech duer?
Henri:
Du bass elo e Symbol. Eng mënschlech Figur mat engem gëllene Rand.
A laut Ëmfro sinn 69 Prozent ganz zefridden domat.
Méi wéi mat der Pensiounsreform.
Guillaume:
69 Prozent? Dat ass jo bal esou vill wéi d’Kiloen, déi de Blechschléier op der Mënz ewechretouchéiert huet.
Henri:
Guillaume voyons … et heescht net Blechschléier mee Graveur! Mir schwätze hei vun Numismatik, net vun Autosdeeler.
Du bass elo net méi just de Fils vum Henri – du bass de Prënz op der Mënz.
Däi Bopa war de Jang vum Frang.
Guillaume:
Da sinn ech jo lo de Grossherzog vun all Supermarché - de Grand-Duc vum Caddyland!
De Prënz op der Mënz! Ready fir de Caddy! D’Ikon vum Wuelstand!
So Papa, du hues jo d’Bild gesinn, wat de Schauls vu mir gemoolt huet? Ech hu jo nach méi ofgeholl, wéi ech geduecht hunn.
Henri:
Dat ass Konscht, Guillaume … oder besser nach l’interprétation artistique. D’Realitéit ass ze komplex, fir der se an dräi Sätz ze erklären – och wann ech se mat engem accent diplomatique an engem duusse Laache géif virdroen.
De Schauls huet dech net gemoolt – hien huet dech stiliséiert. E Grand-Duc mat engem Hauch vu Venedeg an engem Touch vu Staatsmelancholie.
Guillaume:
Ech gesinn aus wéi de Kapitän vun der Marie Astrid, deen zanter dräi Staatsvisitten näischt méi ziesse kritt huet, ausser Mini-Croissanten. Wou ass mäi Bauch? Wou si meng Baken? Wéi soll ech dann do de Lëtzebuerger Wuelstand representéieren?
Henri:
D’Vollek huet scho gesot: "Dat ass net de Guillaume, dat ass seng Diät-Versioun op Acryl." Mee dat gehéiert dozou. D’Monarchie ass eng Performance – wéi Kabaret, just mat méi Protokoll.
Guillaume:
Wann dat mäi Portrait ass, da soll een drop schreiwen: “Realitéit net garantéiert – retouchéiert nom Wonschbild vun der Mamm.“
Wat häls de dann vum offizielle Portrait vu mir, deen lo an all Gemeng, Ministère a Lycée hänke kënnt? Ech hunn extra de Bauch agezunn wéi d’Foto gemaach gouf, sou wéi d'Mamm mer et gesot huet. An ech hunn och d'Zänn e bësse gewisen, wéi ech fotograféiert gouf, sou wéi s du mer et geroden hues.
Henri:
D'Foto ass ok, Gui-Gui. Meng Portraiten ginn lo erofgeholl a kommen an d'Dynastie-Archiv tëscht de Jean an de Felix. Vläicht fënnt ee geschwënn eng Foto vu mir um Floumaart – nieft dem Bild vun der Mamm an engem gebrauchtene Caddy.
Vergiess net: Portraiten si wéi Mënzen – se zirkuléieren, se verschwannen, se ginn ersat. Du bass elo am Ëmlaf.
Guillaume:
Ech sinn also net méi just de Jong vum Henri, mee de Mann un der Mauer. De Kapp am Caddy. De Sou am Portmonni. De Portrait am Empfang.
D’Vollek kuckt erop. D’Portraiten hänken. D’Dynastie schmunzelt.
De Bauch gouf agezunn. De Rimm méi enk gezunn.
D’Zukunft? Se ass encadréiert.
Kommentar schreiben