Artikel mit dem Tag "Trounwiessel"



Réckbléck 2025
Gestëppels / piques · 21. Dezember 2025
2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.

De Sou an den Zepter
Gestëppels / piques · 02. Oktober 2025
D’Dynastie wiesselt de Kapp – op de Mënzen, op de Maueren, op de Broschüren. De Kënschtler huet gemoolt, de Graveure gepräägt, de Fotograf geknipst an d’Mamm kontrolléiert. A wéi ëmmer: D’Realitéit gouf liicht retouchéiert – fir d’Vollek, fir d’Archiv, fir de Caddy. Ee kabarettistescht Gespréich tëscht dem Henri an dem Guillaume.