· 

Bëscher? Nee Merci!

Wéi zwee Ministeren fir d'Recht op Ofholze kämpfen

D’EU wëll d’Bëscher a virun allem d’Tropebëscher retten. Lëtzebuerg wëll awer dovu näischt wëssen. Lëtzebuerg beweist international Verantwortung, andeems et sech strikt géint de Schutz vum Bësch stellt a resolut géint d'EU-Reglement fir d’Erhale vun de Bëscher virgeet. D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) an den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) si sech eens: Schluss mat där topescher Panikmaacherei! Keng Tropen, kee Problem - esou mécht ee Politik!

▲ D'Regierung planzt en Argument.
▲ D'Regierung planzt en Argument.

Wärend a Südamerika, Asien an Afrika all Dag 17.460 Hektar Reebësch zerstéiert ginn - dat entsprécht 24.000 Fussballsterrainen  - , leescht dat klengt Lëtzebuerg heldenhafte Widderstand géint d'EU-Reglement fir d'Bëscher ze schützen. Lëtzebuerg, dat eenzegt Tropeland ouni Tropen, erkläert der EU-Kommissioun de Krich, am Numm vum Bësch. Méi genee: am Numm vu sengem Bësch, dee vum Reglement net emol betraff ass. Dëst mécht e besonnesch schützenswäert.

D'Landwirtschaftsministesch Hansen stellt kloer: "Eis Kéi importéieren kee Soja.

D'Martine Hansen, d‘Kusin vum EU-Landwirtschaftskommissär Christophe Hansen (och CSV), huet es genuch vum ökologesche Kuschelkurs zu Bréissel. Datt ausgerechent si géint e Reglement vun der EU-Kommissioun kämpft, gläicht engem Familljedrama, wou de Showdown net doheem an der Stuff, mee op der Bréisseler Bühn stattfënnt. Hirt Rezept géint dat weltwäit Ofholzen: Lëtzebuerg ass keen tropescht Land, also loosst eis einfach weidermaachen wéi virdrun. Soulaang d’Gras am Éislek gréng bleift, kann am Rescht vun der Welt roueg ofgeholzt ginn.

ËNNERSTËTZUNG VUM BETON-MINISTER

Ënnerstëtzung kritt d’Martine Hansen vum Ëmweltminister Serge Wilmes, och bekannt als "Beton-Minister". Wärend senger Zäit als Stater Schäffen huet hie mat Leidenschaft géint d'Iwwerbevëlkerung vun de Beem gekämpft. Ganz Plazen, Stroossen a Gréngflächen goufe vu lästege Beem befreit, an hien huet Plaz fir de Klimawandel gemaach. 

Zanter senger Ernennung als Ëmweltminister engagéiert hien sech konsequent dofir, Gréng a Gro ze verwandelen. Beim Wilmes sénger Ëmweltpolitik gëtt et keng Plaz fir Bëscher. Déi ass nämlech längst fir nei Bauterrainen reservéiert. Firwat soll ee Gréngflächen erhalen, wann een op deene Plazen nei Residence planze kann? 

Och wann hien als Ëmweltminister eigentlech fir d’Erhale vum Bësch antriede misst, ass et fir hie kloer: "Wa mir ufänken, eis ëm importéierte Palmenueleg ze këmmeren, wou féiert dat hin? Da géif nach een drop kommen, datt mir eppes mam Rescht vun der Welt ze dinn hätten." Hie weist vollt Versteesdemech fir der Landwirtschaftsministesch hir Argumentatioun “Keen Tropebësch, kee Problem”, a wëllt dofir d’EU-Reglement fir de Schutz vun de Bëscher kippen, well Lëtzebuerg jo schliesslech net betraff ass.

Domat bréngt de Serge Wilmes dat fäerdeg, wat nach kengem virdru gelongen ass: sech als Ëmweltminister géint d'Beem anzesetzen - konsequent, effizient an ouni Blat virun de Mond ze huelen.

Genee sou huet hien et och beim Wollef gemaach. Op Nofro vu Luxembourg Jungle huet de Serge Wilmes gesot: “Och ouni Ruddel am Land ze hunn, stellt de Wollef en akute Sécherheetsrisiko duer. Dofir sinn ech géint de Schutz vum Wollef a setze mech konsequent fir d’Ofschéissen an. Wëllef si wéi onbequem Froen: am beschten léisst een se guer net opkommen.”

Vum Recht, Bëscher ewechzehaen

An iwwerdeems Greenpeace zesumme mat natur&ëmwelt verzweifelt op Gesetzesartikelen, Zuelen a gesonde Mënscheverstand hiweist, lancéiert Lëtzebuerg seng diplomatesch Summeroffensiv mat enger Petitioun mam remarkabelen Titel "Fir de Schutz vum Recht, Bëscher ewechzehaen". Och de Serge Wilmes ënnerstëtzt der Landwirtschaftsministerin hir Aktioun voll a ganz. Hien huet seng Léift fir Petitiounen entdeckt, net fir d'Bëscher ze schützen, mee fir se vun der Laascht vum Schutz ze befreien. Als Ëmweltminister wëllt hien d'Ofhae vu Bëscher op kee Fall stoppen, mee dofir suergen, datt seng Leit beim Ëmhae vun de Beem net gestéiert ginn. Dat kléngt wéi Satire, mä et ass Regierungspolitik.

A wärend d’Hansen an de Wilmes zu Bréissel géint d'Beem kämpfen a sech fir d'weltwäit Ofholze vu Bëscher engagéieren, kënnt d'Kritik an de soziale Medien knëppeldéck. D'Bierger froen sech: Fir wee schaffen eis Ministeren eigentlech? Fir eng nohalteg Entwécklung – oder fir d'Kakaoslobby an d'Miwwelsindustrie?

GëtT D'Ëmhae vu Beem als immateriellT kulturierwen erkläert?

Fir eis europäesch Bifdecker, Burgeren a Bouletten gi weltwäit d'Tropebëscher filetéiert. A Lateinamerika schwätzt een souguer scho vu "Sojawüsten". Fréier e liewegen Dschungel, haut e Buffet fir europäesch Ranner. A Lëtzebuerg? Mat engem Fleeschkonsum vu 85 kg pro Kapp, leie mir op der 36. Plaz am weltwäite Ranking.

An engem interne Strategiepabeier vum Landwirtschaftsministère, de viru kuerzem geleaked gouf, steet ënner anerem: "D'Zil ass et, d'Wuert 'Ofholzung' aus dem ëffentlechen Débat ze eliminéieren an et duerch en alternative Begrëff, wéi beispillsweis 'Nohalteg Landoptimiséierung' ze ersetzen." A weider: "D'Sojafro däerf net mam Fleeschkonsum a Verbindung bruecht ginn - wa néideg, muss d’Regierung drop hiweisen, datt Soja och am Tofu ze fannen ass. (kuckt och d’Kapitel ‘Vegetarier-Bashing’)"

Lëtzebuerg kämpft weider fir säi Recht op d’Ofholzung vun de Bëscher, a wann et muss sinn, bis de leschte Bam gefällt ass. A sollt éieren een iwwereg bleiwen, huet d'Regierung virgeseurgt: de Kulturminister ass am Gaang ze préiwen, d'Ofholzen als immateriellt Kulturierwen ze zertifiziéieren.


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0