D’EU wëll d’Bëscher a virun allem d’Tropebëscher retten. Lëtzebuerg wëll awer dovu näischt wëssen. Lëtzebuerg beweist international Verantwortung, andeems et sech strikt géint de Schutz vum Bësch stellt a resolut géint d'EU-Reglement fir d’Erhale vun de Bëscher virgeet. D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) an den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) si sech eens: Schluss mat där topescher Panikmaacherei! Keng Tropen, kee Problem - esou mécht ee Politik!
Firwat sech mat alldeeglechen Transportmëttelen ewéi Zich oder Elektroautoen erëmschloen, wann een déi 200 Kilometer vu Bréissel op Lëtzebuerg och gemittlech am luxuriéise Privatjet zréckleeë kann? D'Queen Ursula von der Leyen beweist op eng beandrockend Manéier, datt nohalteg Politik am beschte vun enger komfortabeler Liederbänk iwwert de Wolléken aus méiglech ass.
A manner wéi enger Woch Travel Group Luxembourg senge Lëtzebuerger Clienten, fir déi d'Vakanz bekanntlech genee sou wichteg ass, wéi eng Shoppingtour an der Belle Étoile oder de gebakene Fësch um Oktavmäertchen, eng richteg Aachterbunn vu Meenungen iwwert d'USA-Reesen gebueden - sou turbulent, datt et souguer der Fräiheetsstatue schwindeleg gouf.
Boah! Wat war dat eng Hëtzt! 34 Grad. Dobanne war et wéi an engem Bakuewen. Souguer ech, de gréisste Skeptiker, hunn ugefaang un de Klimawandel ze gleewen.
Ee Frënd huet mer eng Foto gewisen vun enger laanger hëlzener Këscht, déi de héije Wee opgeriicht am ëffentleche Raum steet. Op der Këscht steet "City Tree", a ronderëm dee künstleche "Stadbam" ass esouguer eng Bänk, genau wéi bei engem richtege Bam. Bewonnere kann een dës innovativ Errungenschaft zu Déifferdeng.