Am Joer 2025 huet d’Banque centrale du Luxembourg zwou Mënzen erausginn, déi méi gemeinsam hunn, wéi et op den éischte Bléck schéngt. De Grand-Duc Henri krut seng 250 €-Goldmënz fir säi 25. Trounjubiläum. Kuerz drop huet hien ofgedankt. D’Rei krut hir 5 €-Sammelmënz, kuerz ier et offiziell zum Staatsfeind Nummer 1 erklärt gouf.
D’EU wëll d’Bëscher a virun allem d’Tropebëscher retten. Lëtzebuerg wëll awer dovu näischt wëssen. Lëtzebuerg beweist international Verantwortung, andeems et sech strikt géint de Schutz vum Bësch stellt a resolut géint d'EU-Reglement fir d’Erhale vun de Bëscher virgeet. D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) an den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) si sech eens: Schluss mat där topescher Panikmaacherei! Keng Tropen, kee Problem - esou mécht ee Politik!
Wee kontrolléiert de Lëtzebuerger Bësch? D'Jeeërfederatioun setzt sech duerch: Champignonspléckerten, Naturfotografen a Wanderer geroden an d'Viséier vun de Jeeër. Déi nei Reegelunge schränken den Accès an de Bësch zolitt an – zugonschte vun de Jeeër. Eng Satir iwwert d'Generalversammlung vun der FSHCL den 31. Mee 2025 zu Mäerzeg.
Muncherengem ass de faarwege Calicot vun der Natur- a Forstverwaltung sécher schonn opgefall. Dat artistescht Meeschterwierk ass strategesch virum Agang vum Bësch opgeriicht, fir Wanderer, Bëschcyclisten, Champignonsfrënn an Jogger ze warnen, dass et geféierlech ass, an de Bësch ze goen, well onverhofft Mottoseeën an Holzfäller laueren.