D’Konscht vum Laache beim Aarbechtsplazen-Ofbau
An? Haut scho gelaacht? Zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer vill a gär gelaacht. Dat ass eng Traditioun, méi al wéi d’Schmelzen am Minett.
Op der Foto vun der Ënnerschrëft vum Accord Lux2029 mat ArcelorMittal gëtt net einfach just gelaacht. Dat ass eng aner Kategorie vu Laachen: dat ass dat Laachen, wann een eng gutt Nouvelle matzedeelen huet.
Op der Foto gesäit een d'Direktioun vun ArcelorMittal, d'Regierung an d'Gewerkschaften, wéi se laachen ewéi e Pond Speck, sou wéi wann se grad eng nei Schmelz opgemaach hätten. Dobäi hunn se grad 303 Aarbechtsplazen liquidéiert.
Mee natierlech "ouni Entloossungen".
Zu Lëtzebuerg gëtt een net entlooss – hei verschwënnt een an der Préretraite oder et lant een an der Cellule de reclassement.
Dat ass eigentlech näischt anescht wéi verstopptene Chômage – just ebe besser verpaakt, a mat engem Laache fir d'Fotografen.
RTL schreift, d'Stolindustrie hätt "weiderhin eng Zukunft".
Jo, eng Zukunft huet se – genee esou wéi eng al Lokomotiv eng Zukunft huet, wann se am Fonds-de-Gras am Musée steet.
D'Zuele schwätze fir sech:
- an der Héichzäit: bis zu 30.000 Aarbechter,
- haut: 3.300,
- muer: 3.300 minus 303,
- iwwermuer: kucke mer mol, wat d'KI nach zouléisst.
Fréier war d'Stolindustrie den Haaptemployeur vum Land. Haut beschäftegt ArcelorMittal nach 3.300 Leit – manner wéi d'CFL, manner wéi Dussmann, manner wéi de Cactus, manner wéi Amazon, manner wéi eng Bank. Eng Botzfirma huet haut méi Leit wéi déi ganz Stolindustrie.
D'KI ass déi eenzeg, déi hei nach richteg Zukunft huet. Si mécht d'Mënschen iwwerflësseg. D'KI schafft ouni Paus, ouni Pensioun, ouni Gewerkschaft an ouni 13. Mount.
Si brauch just Stroum – an deen ass an Europa esou deier ginn, datt d'Industrie léiwer dohi geet, wou d'Rechnung méi kleng ass – an d'USA, a China oder an Indien.
A wéi wann dat net géif duergoen, kënnt nach den Alain Le Grix de la Salle, President vun ArcelorMittal Frankräich, an d'franséischt Parlament a seet dat, wat hei am Land kee wëllt héieren:
"All europäesch Stol-Sitten sinn a Gefor."
Dat war keng Iwwerdreiwung. Dat war d'Diagnos, déi hei ignoréiert gëtt, well se net an de Narrativ passt, deen d'Regierung an d'Sozialpartner eis zanter 40 Joer verklickeren.
D'EU-Energiepolitik mécht d'Industrie onbezuelbar, d'CO₂-Reglementer maachen se onattraktiv, d'USA subventionéieren hir Industrie mat Milliarden, an an Asien gëtt de Stol fir e Spottpräis produzéiert.
D'Resultat ass esou einfach wéi eng Fréischicht op der Schmelz: D'Industrie geet dohin, wou se hir Profiter maximéiere kann. An dat ass net Europa oder Lëtzebuerg.
Mee op der Foto gëtt gelaacht. Frëndlecht Laachen, diplomatescht Laachen, Gewerkschafts-Laachen, Minister-Laachen.
Just déi 303 Leit, déi elo an d'Préretraite oder an de Reclassement gedréckt ginn, hunn näischt ze laachen.
Et huet een esou vill vum Laachen wéi vum Kräischen, soen d'Leit. Mee hei am Land ass d'Laachen eng Pflicht. Hei gëtt eben ëmmer gelaacht – och dann, wann et näischt ze laachen gëtt.
D'Foto vum Accord Lux2029 ass dofir net nëmmen eng Foto. Si ass eng Momentopnahm, bei där d’Realitéit ewechgelaacht gëtt, well keen se wëllt wouerhunn.
Exit-Strategie
Eng Industrie, déi mol 30.000 Leit beschäftegt huet – an déi haut nach esou vill Aarbechter huet wéi Zuschauer op engem Futtballsmatch Jeunesse géint d'Fola.
Lux2029 ass keen Zukunftsaccord – et ass eng Exit-Strategie mat ministerieller Escorte.
A wéi ëmmer gëllt: Wee fir d'lescht laacht, laacht am beschten. An dat sinn net d'Stolaarbechter – mee ArcelorMittal, déi hirer Wee geet, soubal d'Konditioune net méi passen.
Dofir bleift um Enn just nach eng eenzeg Wourecht stoen – oder éischter zwou:
Never trust a smiling cat.
Oder wéi d'Baueren et ausdrécken: Un de Schnësser erkennt een d'Schwäin.
An elo annoncéiert Goodyear och nach bis zu 600 Aarbechtsplazen ofzebauen. Et gëtt also geschwënn nees eppes ze laachen.
Och interessant:





Kommentar schreiben