An? Haut scho gelaacht? Zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer vill a gär gelaacht. Dat ass eng Traditioun, méi al wéi d’Schmelzen am Minett.
Op der Foto vun der Ënnerschrëft vum Accord Lux2029 mat ArcelorMittal gëtt net einfach just gelaacht. Dat ass eng aner Kategorie vu Laachen: dat ass dat Laachen, wann een eng gutt Nouvelle matzedeelen huet.
2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.
Ëmfroe vun der Ilres bréngen eigentlech kaum eppes Neits. Si si wéi eng Plack, déi zanter iwwer zwanzeg Joer hänke bleift: ëmmer déi selwecht Melodie, ëmmer dee selwechte Krack um Vinyl, ëmmer déi selwecht Ignoranz. Fir d’ILRES ass dat eng statistesch Stabilitéit, grad wéi hir lescht grouss Erkenntnis, datt 97 % vun de Leit op de Knäppchen drécken, wann se an de Lift klammen.