· 

Aarmut zu Lëtzebuerg

31,1 % Aarmut am räichste Land vun der Welt

Wärend de neie Luc a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Mee d’Logementskris feierlech fir beendegt erkläert huet, an ënnerstrach huet, d’Aarmut wär amgang, sech a Loft opzeléisen, schwätzen d’Zuelen eng ganz aner Sprooch.

Laut Toute l'Europe liewen zu Lëtzebuerg, am Land vun de Banken, Baggeren a Butteker, 31,1% vun der Bevëlkerung ënnert der Armutsgrenz oder a bescheidene Verhältnisser. Dat geet aus enger rezenter Etüd vun der “Direction de la recherche, des études, de l’évaluation et des statistiques (DREES)“, dem statisteschen Service vum franséischen Ministère fir Gesondheet, Soziales, Aarbecht a Solidaritéit ervier.

Dëst ass net just aarmséileg – et ass de gëllenen Zertifikat vun der sozialer Ongläichheet. 

Den EU-Duerchschnëtt läit bei 28,7%. Lëtzebuerg iwwerhëllt domat d’Spëtzepositioun vun de räiche west- a mëtteleuopäesche Länner. Bei eisen Noperen läit den Aarmutstaux bei 26,5% fir d’Belsch, 26,8% fir Frankräich an 28,1% fir Däitschland. Just a Bulgarien, Rumänien an an den dräi baltesche Staaten ass den Aarmutstaux nach méi héich wéi zu Lëtzebuerg.

Laut DREES gëllen als "aarm“ déi Leit, déi manner wéi 60 % vum mediane Liewensstandard hunn. "Modest“ sinn déi, déi knapp driwwer leien – tëscht 60 % an 75 %. 

Aarmut an der EU - Berechnung vun der DREES

Lëtzebuerg: Europameeschter bei de Liewenshaltungskäschten

Wärend d'EU-Kommissioun hir éischt Anti-Poverty Strategy lancéiert huet, investéieren d'EU-Memberstaaten léiwer a Panzeren amplaz a Präventioun. Sozialprogrammer? Jo, um Pabeier. A Wierklechkeet: Oprüstung amplaz Solidaritéit. D'Liewenskäschten zu Lëtzebuerg klammen ëmmer weider a leie 50,7% iwwert dem EU-Duerchschnëtt. Domat hëllt Lëtzebuerg déi éischt Plaz bei de Liewenshaltungskäschten an der EU an, wéi op dëser Grafik ervirgeet. 

Statistik: Europäische Union: Preisniveauindex für Verbrauchsgüter und Dienstleistungen in den Mitgliedstaaten¹ ² ³ im Jahr 2024 (100 = EU-Durchschnitt) | Statista
Mehr Statistiken finden Sie bei Statista

Lëtzebuerg: Europameeschter bei de Logementspräisser

Ma net nëmme bei de Liewenshaltungskäschten, mee och beim Logement läit Lëtzebuerg europawäit un der Spëtzt. Laut dem Wort huet d'Stad Lëtzebuerg déi deierst Loyeren an Europa.

Jiddereen, deen hei wunne wëll, muss entweder den Ierwe vun engem Stolbaron oder engem Bankdirekter sinn. Am September 2025 louch de Präis pro Quadratmeter bei 8.309 €. Dat ass net Wunnen, dat ass Héichleeschtungssport fir de Portmonni.

Deloitte nennt Lëtzebuerg "Europas teuerstes Pflaster". Lëtzebuerg ass éischter wéi e gëllenen Teppech, op deem nëmmen déi trëppelen, déi ni drun denken, mam Bus ze fueren.

Dem neie Luc seng Realitéitsverdrängung

A senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premierminister Frieden d'Wunnengskris fir eriwwer erkläert a gläichzäiteg matgedeelt, d'Aarmut wär amgaang, sech a Loft opzeléisen. Warscheinlech huet en dobei an de Spigel gekuckt, a sech selwer gemengt.

D‘Retourkutsch koum promt. Laut Ilres-Sonndesfro géif d‘CSV 4 vun hiren 21 Sëtz verléieren. Dem neie Luc mécht dat awer net vill aus. Séileroueg huet hien d'Resultat esou kommentéiert: "Kee flott Resultat awer och keng Iwwerraschung."

Mat anere Wierder: Hien huet d'Katastroph gesinn op sech duerkommen - an awer gëtt weidergemaach wéi wann alles am Botter wäer. Wéi de Macron, de Merz,  de Starmer & Co. D'Aarmut iwwerrascht keen - ausser de Premier, deen se zwar gesäit, mee decidéiert huet, se net ze gesinn.

Verdeedegung amplaz vu Versuergung - 13 Milliarden fir de Krich

De 7. Oktober 2025 huet den Essentiel geschriwwen:"Fünf-Prozent-Ziel: Luxemburg muss über 13 Milliarden in Verteidigung investieren." Domat trëtt deen Szenario an, virun deem mir vu Luxembourg Jungle de 27. Juni 2025 gewarnt hunn - bal op den Cent genau.

Fir Panzeren, Drohnen a Satelliten si Suen do, wärend Sozialwunnengen musse mat der Lupp gesicht ginn.

Et stellt sech d'Fro: Géint wien wëllt sech Lëtzebuerg verdeedegen? Géint déi steigend Loyeren? Géint d'Aarmutsstatistik? Oder géint déi, déi sech traue vu Sozialpolitik ze schwätzen?

Vläicht ass dat déi nei Strategie: Déi, déi sech keng Wunneng leeschte kënnen, ginn einfach an engem Bunker ënnerbruecht. Op d'mannst ass do de Loyer stabill, an d'Perspektiv op sozial Gerechtegkeet ass genee sou düster wéi de Beton mat deem e gebaut ass. Ma zu Lëtzebuerg ass net emol dat méiglech. De 6. Mee 2025 gëtt de Premier Frieden an engem Wort-Artikel iwwer bestehend Bunkeren hei am Land folgendermoossen zitéiert: “Bunker werden wir in Luxemburg nicht bauen.“

Aarmutsbekämpfung - en zweetrangescht Thema

Wärend d'Regierung Milliarde fir d'Oprüstung mobiliséiert, bleift d'Aarmutsbekämpfung weiderhin en zweetrangescht Thema, ee Kollateralschued vun de politesche Prioritéiten. De Luc Frieden erkläert d'Kris fir eriwwer. D'Statistik erkläert de Luc Frieden fir eriwwer. A Luxembourg Jungle erkläert: Wann d'Satir bis Realitéit gëtt, gëtt et Zäit, d'Realitéit mat Satire behandelen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0