Eng satiresch Analyse vun der Tripartite zu Lëtzebuerg: eng Regierung, déi d’Kris verwalt amplaz se ze léisen, Sozialpartner mat géigesätzleche Realitéiten, an e Land, dat gläichzäiteg am Krisemodus an am Vakanzemodus lieft. Eng Satir, déi der Gesellschaft de Spigel dohinnerhält.
Wärend de neie Luc a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Mee d’Logementskris feierlech fir beendegt erkläert huet, an ënnerstrach huet, d’Aarmut wär amgang, sech a Loft opzeléisen, schwätzen d’Zuelen eng ganz aner Sprooch.
Den Direkter vun Encevo huet haut "formidabel" Neiegkeeten ugekënnegt: vum Januar 2025 un klëmmt de Stroumpräis ëm 30%. Woumat hien eigentlech just dat bestätegt huet, wat mir all scho wossten. Awer dat ass nëmmen d'Halschent vun der Wourecht.
Obwuel d’Alarmglacken op internationalem Plang längst gelaut hunn, huet eise streng regierungshörege Statec nach bis kuerz virun de Chamberswahlen behaapt, d’Bruttoinlandprodukt (BIP) géif 2023 ëm 1,5 Prozent wuessen.